Radioen

On air

Concert  |  Musique pour faire plaisir

play_arrow Live
search

/ Däitschland wëll "Schwerstkriminelle" an den Afghanistan zeréckschécken

Bei schwéiere Verbriechen

Däitschland wëll "Schwerstkriminelle" an den Afghanistan zeréckschécken

An Däitschland huet déi déidlech Messerattack op ee Polizist zu Mannheim eng Debatt iwwert d‘Expulsioun vu Stroftäter ausgeléist. An elo huet och de Bundeskanzler Olaf Scholz dozou eng ganz kloer Uso gemaach.

auto_stories

1 min

© picture alliance / PIC ONE | Christian Ender
(Foto: picture alliance / PIC ONE | Christian Ender)

Schwéier Krimineller sollen an Zukunft rëm an Afghanistan an a Syrien zeréckgeschéckt ginn. Dat sot den SPD-Politiker de Moien a senger Regierungserklärung am Bundestag. Wéi hien dat genee wéilt erméiglechen, huet hien awer net gesot.

Et wéilt een och net méi toleréieren, wann terroristesch Attacke verherrlecht a gefeiert géife ginn. Dofir wéilt Däitschland elo d‘Ausweisungsreegelen sou verschäerfen, datt Täter direkt kënnen expulséiert ginn.

Den Inneministère wier schonn am gaangen, un der praktescher Ëmsetzung ze schaffen a wier och schonn am Gespréich mat den Nopeschlänner vum Afghanistan.