Radioen

On air

Notturno  |  Lou Reed - New Sensations (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland féiert nees temporär Kontrollen op senge Grenzen an

Onerlaabt Areese sollen agedämmt ginn

Däitschland féiert nees temporär Kontrollen op senge Grenzen an

Däitschland wëll vun nächstem Méindeg 16. September u Kontrollen un all senge Grenzen – also och erëm mat Lëtzebuerg – aféieren. D‘Bundesinnenministerin Nancy Faeser huet d‘EU-Kommissioun haut doriwwer informéiert.

auto_stories

1 min

Nancy Faeser | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Wéi et heescht sollen d‘Kontrollen elo mol 6 Méint laang daueren. Als Grënn nennt d`Nancy Faeser d‘Begrenzung vun irregulärer Migratioun an de Schutz vun der banneschter Sécherheet.

“Bis wir mit dem neuen gemeinsamen europäischen Asylsystem zu einem starken Schutz der EU-Aussengrenzen kommen, müssen wir an unseren nationalen Grenzen noch stärker kontrollieren. Wir werden daher unsere temporären Binnengrenzkontrollen auf alle deutschen Landgrenzen ausweiten.”

Fir d‘lescht hat Däitschland wärend der Futtball-Europameeschterschaft am Summer Kontrollen un der Grenz mat Lëtzebuerg duerchgefouert.

Aus dem Lëtzebuerger Inneministère huet et geheescht:

Dem Innenministerium wurde mitgeteilt, dass diese Kontrollen, die ab 16. September stattfinden werden, unnötige Beeinträchtigungen des grenzüberschreitenden Verkehrs vermeiden werden und nicht auf den Brücken zu Luxemburg stattfinden sollten. Dem Innenminister wurde weiterhin mitgeteilt, dass die Bundespolizei die Auswirkungen auf den grenzüberschreitenden Straßenverkehr, das Leben sowie das Arbeiten in der Grenzregion so gering wie nur möglich halten wird.