D‘Bauere wollten domat géint d‘Ofschafe vum Steieravantage op Diesel demonstréieren. Den Habeck wollt mat den Demonstranten diskutéieren, déi hunn dat awer net zougelooss. D‘Reform ass an Tëschenzäit zum Deel nees réckgängeg gemaach ginn, dem Bauereverband geet dat awer net wäit genuch. D‘Bundesregierung huet vun enger erschreckender Eskalatioun geschwat, bei aller Protestkultur dierften demokratesch gewielte Politiker net physesch attackéiert ginn. Och vu Säite vun CDU-Politiker koum schaarf Kritik un dëser Eskalatioun.
arrow_back_ios
search
search
/ Däitschland: Bauere blockéiere Fär mam Robert Habeck
No Retour aus der Vakanz
Däitschland: Bauere blockéiere Fär mam Robert Habeck
An Däitschland hu Baueren aus Protest eng Fär blockéiert, mat där de Wirtschaftsminister Robert Habeck d‘Hallig Hooge sollt verloossen. Den Habeck war do an der Vakanz gewiescht.
auto_stories
1 min

Robert Habeck