Radioen

On air

Notturno  |  Ayizan - Deblozay

play_arrow Live
search

/ Däitsche Fotobuchpräis: Lëtzebuerger Fotograf Marc Schroeder krut eng Goldmedail

Fotografie

Däitsche Fotobuchpräis: Lëtzebuerger Fotograf Marc Schroeder krut eng Goldmedail

De Lëtzebuerger Fotograf Marc Schroeder krut beim Däitsche Fotobuchpräis eng Goldmedail. Säi Fotobuch „ORDER 7161“, iwwer d‘Deportatioun vu rumäneschen Däitschen, gouf an der Kategorie Dokumentaresch Fotografie mat der Goldmedail ausgezeechent. Dat huet Marc Schroeder op Facebook matgedeelt.

auto_stories

1 min

Säi Buch ORDER 7161 gouf 2021 publizéiert. Hien hätt zéng Joer laang dru geschafft, esou de Marc Schroeder. Hien huet fir dat Buch och mat 40 Iwwerliewende geschwat vu ronn 69.300 rumäneschen Däitschen, déi nom Zweete Weltkrich vu Russland deportéiert a gezwonge goufen, a Campen ze schaffen.