arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Wirtschaft: Schwaache Wuesstem, méi héich d'Liewensmëttelpräisser

Däitschland

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Däitsch Wirtschaft: Schwaache Wuesstem, méi héich d'Liewensmëttelpräisser

An Däitschland wäert d’Wirtschaft dëst Joer däitlech manner staark wuessen, wéi bis elo virausgesot gi war. De Krich am Noen Osten, dee viru gutt engem Mount mam US-amerikanesch-israeeleschen Ugrëff op den Iran ugefaang hat, bremst d’Croissance an dreift d’Inflatioun.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Akaafsweenschen Illustratioun fir deier Liewensmëttelpräisser | © Bigstock / TeroVesalainen
Akaafsweenschen Illustratioun fir deier Liewensmëttelpräisser (Foto: Bigstock / TeroVesalainen)

Déi wichtegst Fuerschungsinstituter rechne fir 2026 just nach mat engem “Mini-Wuesstum” vun der däitscher Wirtschaft.

D’Fuerschungsinstituter rechnen domat, datt de PIB dëst Joer just nach ëm 0,6 Prozent zouleet. Virun engem hallwe Joer hate si nach eng Croissance vun 1,3 Prozent viraus gesot.

Och d’nächst Joer soll et net vill besser goen. Der aktueller Schätzung no, soll d’Wirtschaft an Däitschland 2027 ëm 0,9 Prozent wuessen.

Konsequenzen och op d'Liewensmëttelpräisser

D’Instituter erwaarde méi héich Verbraucherpräisser. Den Inflatiounstaux an Däitschland soll dëst Joer op 2,8 Prozent klammen, an op 2,9 Prozent dat nächst Joer. Zënter dem Ufank vum Krich viru gutt engem Mount sinn d’Präisser fir Pëtrol a fir Gas jo däitlech geklommen.

D’Fuerschungsinstituter, dorënner d’Ifo-Institut an dat däitscht Institut fir Wirtschaftsfuerschung, schwätze vun engem “Energiepräisschock”, mat Konsequenzen ënner anerem och fir d’Liewensmëttelpräisser.

Déi méi héich Inflatioun wäert de private Konsum bremsen, gëtt virausgesot.

Regierungs kéint ënner Spuerdrock geroden

De Chômage an Däitschland soll dëst Joer liicht op 6,4 Prozent klammen.

Déi méi niddreg ekonomesch Croissance kéint zu manner Steierrecettë fir den däitsche Staat féieren, mat als Konsequenz méi Spuerdrock fir d’Bundesregierung zu Berlin.

Fir Lëtzebuerg ginn et nach keng aktualiséiert Previsiounen, déi den Impakt vum Krich géife weisen. 

play_arrow Lauschteren