Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ DP: "Mir sinn d'Partei vun der Mëtt"

Presseiessen vun de Liberalen

DP: "Mir sinn d'Partei vun der Mëtt"

“Mir sti fir eng Politik aus der Mëtt, eng Politik vu Stabilitéit a Rou. Mir sinn d’Partei vun der Mëtt.”: Dat sot de Gilles Baum de Mëtten um Presseiesse vun der DP, bal um Enn vum Sëtzungsjoer an der Chamber. Et bleift awer nach ee Suergekand, do si sech déi Liberal eens.   

auto_stories

1 min

DP Presseiessen | © Eric Ewald
Foto: Eric Ewald

Et bräicht een d’Wirtschaft, fir eise Sozialstaat ze finanzéieren; donieft hätt een zum Beispill d’Steiertabell ugepasst, fir d’Leit finanziell z’entlaaschten. Néideg Hëllefe sollte bei sozial méi schwaach gestallte Leit kommen an net d’Leit bei d’Hëllefen.

Wat déi no Zukunft ugeet, läit dem liberale Fraktiounschef no de Fokus weiderhin um Logement, der Aarmutsbekämpfung an dem Kampf géint de Klimawandel.

„D’DP-Fraktioun, grad sou wéi hir Ministeren, hunn d’Motivatioun, fir weider am Déngscht vun de Bierger ze schaffen. Mir si bereet, d’Äerm eropzestrëppen, Verantwortung z’iwwerhuelen an d’Defien am Land unzegoen, fir dass jiddereen e gutt a séchert Liewen hei zu Lëtzebuerg ka féieren.“

A puncto Logement géif et keng Zäit méi ze verléiere ginn, sou nach de Gilles Baum, fir dee seng Fraktioun och “d’Prioritéite vun enger sozialer, liberaler Politik aus der Mëtt resolut a mat roueger Hand” virundreiwe wéilt.

Aktualitéit
Politik