Uganks Dezember huet den CNA, de Centre national de l'audiovisuel, ugekënnegt, datt et net méiglech wäert sinn, vum 1. Januar bis den 31. Dezember d'Archive vum CNA ze consultéieren. Och wann den A am CNA fir 'audiovisuel' steet an net fir 'Archiv', sou sinn d'Archiven een net onweesentleche vum CNA senger Aktivitéit.
Aus dräi gëtt eent
De Gilles Zeimet, Direkter vum CNA, erkläert, datt dës Fermeture néideg ass fir grondleeënd Aarbechten un den Dokumenter an un de Fongen ze maachen. Aktuell wier et nämlech esou, datt all Ufroen no Dokumenter manuell traitéiert ginn. Mat Hëllef vun engem Kontaktformulaire kann nämlech jiddereen eng Demande un den CNA schécken. Dës Demande kënnt da beim Service Accès vum CNA un, deen d'Recherche an der interner Datebank vum CNA mécht an de Leit duerno déi eenzel Resultater proposéiert. Dat waren eleng 2024 367 Demanden, betount de Gilles Zeimet. Elo wier een awer un de Limitte vun der Capacitéit ukomm.
"Souguer wa mir géifen do nei Leit do drop setzen: Fir dee System esou weider ze maachen, ass net d'Léisung."
D'Zil vum CNA wier et, datt d'Leit op enger dediéierter Plattform hir Recherchen am CNA-Archiv selwer kënne maachen, erkläert den Direkter. "Wa si dann dat richtegt Dokument fonnt hunn, (kënne si) eis kontaktéieren."
Bis virun zwee an engem hallwe Joer hat den CNA dräi Archiven: Een Archiv fir Toun, een Archiv fir Film, an een Archiv fir Fotoen. D'Decisioun ass du geholl ginn, fir ënnert dem Motto "One Archive" déi Saachen zesummeleeën, seet de Gilles Zeimet. Eng Ännerung, déi vill Aarbecht mat sech bréngt.
"Dat waren och dräi verschidde Schaffweisen, dräi verschidden Aarten, wéi zum Beispill Kontrakter ofgespäichert goufen. A mir hunn elo eng éischt Saach ass emol ze analyséiere wéi eng Donnéeën hu mir, an déi Donnéeën esou opzebereeden, datt se kënnen an en zentrale System agespeist ginn."
Am Moment gëtt gekuckt, fir systematesch eng Lëscht vun all Fonge vum CNA zesummenzestellen. "Wou kommen déi Fongen hier? Ënner wéi enge Konditiounen hu mir déi Fongen?" Dës Froen ze beäntwerte bréicht vill Zäit, erkläert de Gilles Zeimet. Och den Emplacement vun den eenzelnen Dokumenter innerhalb vum Archiv soll méi kloer erkenntlech ginn.
"Am Moment sinn net all eis eenzel Dokumenter systematesch an enger Datebank erfaasst. Do wäerte mir e System maache mat Barcoden. Dat eenzel tDokument kritt e Barcode an da kënnt Dir relativ séier e Lien maachen tëscht dem Emplacement an dem Dokument."
Well dës Aarbechten extrem Zäitopwänneg sinn, an den CNA sech awer fir d'Zukunft rëschte wëll, hätt een d'Decisioun geholl, d'Archiv fir eng Period zouzemaachen.
"Mir schwätze vun Tera- a Petabyte"
Ee Joer wäert awer net duergoen, fir all dës Aarbechten ofzeschléissen. Dat géing ee lo scho wëssen, esou den CNA-Direkter.
"Dat erlaabt eis emol deen Iwwerbléck ze kréien, fir dann den 1. Januar ze soen: 'Okay, dat sinn déi Fongen, déi kënne mir schonn accessibel maachen, an dann och eng Timeline zur Verfügung stellen."
An enger éischter Phas läit de Fokus ënner anerem op der Sammlung vun RTL Radio an RTL Télé. "Dat sinn déi Fongen, wou mir wëssen, datt eng grouss Demande do ass", esou de Gilles Zeimet.
Laangfristeg soll dat ganzt Archiv mat sengen dräi Voleten Toun, Foto, Film numériséiert, also digitaliséiert, sinn. Dat ass d'Ambitioun. Bei der Digitalisatioun ginn et zwee verschidde Voleten, wéi de CNA-Direkter erkläert. Et huet een d'Metadonnéeën, also déi Donnéeën, déi d'Dokumenter beschreiwen.
"Déi sinn och onproblematesch, well do leien d'Droit-d'auteure bei eis. Dat heescht, dat kënne mir relativ einfach accessibel maachen."
Et wäert een awer ni an enger Situatioun sinn, wou alles numeriséiert an online disponibel ass, well d'Quantitéiten einfach ze grouss sinn, warnt de Gilles Zeimet.
"Mir schwätze bei eis net a Gigabyte, mee an Terabyte an a Petabyte. Elo si mir bei 4K. Dat sinn dann zech Gigabyte, déi all Kéiers mussen traitéiert ginn an eng Mise à disposition dovunner ass guer net esou einfach."
Dobäi kënnt d'Course géint d'Zäit. Et geet ëm dem Erhalungszoustand vun de Supporten. De Gilles Zeimet nennt d'Beispill vum Magnéitband. Dëst Band gëtt natierlech méi al, mee och d'Maschinnen, déi ee brauch, fir d'Bänner ofzespillen. Den CNA-Direkter erënnert dofir och drun, datt den CNA VHS Recorder sammelt. "Geheit se net ewech. Huelt Kontakt mat eis op."
Eng Fermeture mat Ausnamen
Vum nächsten 1. Januar u kënnen d'Leit sech awer nees mat Demanden un den CNA adresséieren, confirméiert de Gilles Zeimet.
Déi 367 Demanden aus dem leschte Joer koumen da vu ganz ënnerschiddleche Leit oder Organisatiounen. Et kënnen dëst Chercheure sinn oder Leit aus der Filmindustrie, déi zum Beispill un engem Documentaire schaffen. "Dir hutt awer och RTL selwer, déi mat Demande un eis rukommen."
2025 ginn also keng Demanden ugeholl. Mee sou ganz stëmmt dat och net, schliisslech stinn e puer grouss Evenementer un, zum Beispill den Trounwiessel.
"Obwuel mir déi relativ radikal Decisioun geholl hunn, d'Archiv zouzemaachen, si mir eis awer bewosst, datt mir virun allem och eng grouss Responsabilitéit hu par rapport zum Patrimoine audiovisuel hei zu Lëtzebuerg. Do wäert et absolutt Ausname ginn."
Zu dësen Ausname gehéiert dann effektiv och den Trounwiessel dozou. Et gëtt awer och aner Situatiounen, erkläert de Gilles Zeimet, wann zum Beispill ee wichtege Contributeur vum Patrimoine audiovisuel verstierwe géing. Dacks ass den CNA dann nämlech ee vun den Ierwen.