Radioen

On air

Grousse Kino  |  Juca Chaves - Take Me Back to Paiuí

play_arrow Live
search

/ D'Wafferou an der Gazasträif bréckelt

Noen Osten

D'Wafferou an der Gazasträif bréckelt

Den israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu huet Negociateuren an de Qatar geschéckt. Do soll iwwer d‘Suite vum Waffestëllstand an der Gazasträif diskutéiert ginn, allerdéngs just iwwer technesch Detailer.

auto_stories

1 min

Dräi weider Geisele goufen den 8. Februar vun der Hamas fräigelooss | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Dräi weider Geisele goufen den 8. Februar vun der Hamas fräigelooss (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Déi zweet Phase vun der Wafferouh soll Enn Februar ufänken an zu engem endgültegen Enn vum Krich féieren. Allerdéngs soll déi israeelesch Delegatioun déi elo an de Qatar geschéckt gouf, fir den Ament just iwwer technesch Detailer verhandelen.

Den Netanjahu huet gëscht op en Neits geschwuer, d‘Hamas ze eliminéieren an déi Geiselen, déi nach ëmmer festgehale ginn, ze befreien. Um Samschdeg sinn dräi weider Geisele vun der Hamas fräigelooss ginn. Si waren an engem ganz ofgemoerten a schlechtem Zoustand.