Radioen

On air

Notturno  |  Sara Berts - Mayflies

play_arrow Live
search

/ D'Waasserpeegelen uechtert d'Land ginn erof

Héichwaasser

D'Waasserpeegelen uechtert d'Land ginn erof

D‘Peegele vun der Uelzecht an den Niewegewässer sinn am gaangen ze falen, an déi meescht Waasserpeegele bleiwen ënnert der cote de préalerte. Dat geet aus dem neiste Rapport vun der Waasserverwaltung ervir.

auto_stories

1 min

Nëmmen nach bei der Sauer zu Dikrech an zu Bollendorf ass gëllt et opzepassen, mee och hei sollten Hënt d‘Peegelen an de Beräich vun der Préalerte falen.

Iwwer déi aktuell Peegelstänn ka sech op inondations.lu informéiert ginn. D'Alerte rouge vu MeteoLux fir de Süde vum Land an d‘Alerte orange fir den Norde vum Land gëllen nach bis muer den Owend Hallefnuecht.