search

/ D'Vullegripp ass ënner Kontroll - Gefligel mussen net méi agespaart ginn

Landwirtschaftsministère

|
headphones

1 min

D'Vullegripp ass ënner Kontroll - Gefligel mussen net méi agespaart ginn

Wéi de Landwirtschaftsministère matdeelt, ginn d‘Confinementsmesüren erëm opgehuewen. Deemno däerfen erëm Foiren, Ausstellungen a Mäert mat Gefligel organiséiert ginn. Gefligel brauch och net méi dobannen agespaart ginn.

headphones

1 min

Vullegripp | © EPA/PATRICK PLEUL
Vullegripp (Foto: EPA/PATRICK PLEUL)

De Ministère réit awer, trotzdeem all Risiko ze vermeiden an deemno de Kontakt mat wëlle Vullen z‘evitéieren, beispillsweis mat Netzer.

All doudeg Déiere sollen och weiderhi bei engem Veterinär gemellt ginn.