Radioen

On air

Kultur um 5  |  Mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dat neit Joer 2025

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘Verbesserunge bei de Servicer vun der CNS droen éischt Friichten

Manner Waardezäiten, méi Telefonsappeller

D‘Verbesserunge bei de Servicer vun der CNS droen éischt Friichten

D‘CNS huet eng Rei Mesuren agefouert, fir de Service um Client ze verbesseren. Zum Beispill wieren d‘Waardezäite massiv verkierzt ginn an et kéinten och méi Demandë mateneen traitéiert ginn.

auto_stories

1 min

Wéi d‘Gesondheetskeess an engem Communiqué matdeelt, kéinten elo iwwer 16.000 Demandë pro Woch traitéiert ginn. Zum Beispill wier d‘Telefonszentral verstäerkt ginn. Do kéinten elo eng 6.500 Telefonsappeller pro Woch entgéint geholl ginn. Dat sinn der bal duebel souvill, wéi soss. 

Och d‘Waardezäiten an den Agencë si verbessert ginn. Duerch en neie Rendez-vous-System mussen d‘Assuréen nach just zwou Minutte waarden, wou se fréier eng hallef Stonn hu misste waarden. Et wier och méi einfach ginn, e Rendez-vous ze huelen, well een dat elo och iwwer myguichet.lu an iwwert den neien Internetsite vun der CNS ka maachen.