Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ukrain stëmmt fir de Bäitrëtt an Internationale Strofgeriichtshaff

Krich an der Ukrain

D'Ukrain stëmmt fir de Bäitrëtt an Internationale Strofgeriichtshaff

Dat ukrainescht Parlament huet de Moien dofir gestëmmt, datt Kiew Member vum internationale Strofgeriichtshaff soll ginn. Am ganzen 281 Deputéiert hunn derfir gestëmmt. 226 waren néideg.

auto_stories

1 min

Internationale Strofgeriichtshaff | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach

Zil wier et Russland fir presuméiert Krichsverbriechen an der Ukrain zur Rechenschaft zéien ze kënnen, soten e puer Deputéiert. Et wier eng „historesch Decisioun“, schreift den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kouleba op X. Gefaart gëtt allerdéngs datt déi ukrainesch Arméi hirersäits duerch déi Memberschaft, selwer kéint vum internationale Strofgeriichtshaff viséiert ginn am Zesummenhang mat Attacke géint déi russesch Arméi.