Den amerikanesche President Joe Biden huet den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu an engem Telefonsgespréich opgefuerdert, an den nächsten Deeg eng Ekipp aus Vertrieder vu Militär, Geheimdéngscht an humanitären Organisatiounen op Washington ze schécken.
Dem US-Ausseminister no wier déi komplett Populatioun am Gaza vun enger Hongersnout bedreet.
D‘EU wëllt iwwerdeems fir d‘éischte Kéier Sanktioune géint radikal israeelesch Siidler decidéieren, déi am Westjordan ëmmer nees Land illegal besetzen. D‘EU-Ausseminister goufe sech gëschter Owend zu Bréissel iwwer esou Pläng eens.
Blinken nees am Noen Osten
Den amerikanesche Ausseminister Antony Blinken reest dann och op en neits a an de Noen Osten, a Saudi Arabien an an Ägypten. Och bei dëser Tournee soll de Konflikt an der Gazasträif nach eemol zur Sproch kommen. Zil ass et dem State Department no fir en direkte Waffestëllstand ze ereechen an d‘Geiselen fräi ze kréien.
Et wëll een awer och méi langfristeg plangen a kucken, wéi eng politesch Zukunft d‘Palästineser kënnen hunn.