Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - Winter's Dark

play_arrow Live
search

/ D'Tensiounen tëscht Nord- a Südkorea verschäerfe sech

Asaz vu schaarfer Munitioun

D'Tensiounen tëscht Nord- a Südkorea verschäerfe sech

D‘Tensiounen op der koreanescher Hallefinsel verschäerfe sech ëmmer méi. Déi südkoreanesch Arméi huet de Moien Artilleriemanöver mat schaarfer Munitioun ugefaangen.

auto_stories

1 min

D‘Leit déi op enger no geleeëner Insel wunnen, goufen opgefuerdert z‘evakuéieren. Et ass dëst d‘Reaktioun op eng änlech Aktioun op nordkoreanescher Säit. Pjöngjang hätt hënt ronn 200 Artilleriegranaten no un der ëmstriddener Mieresgrenz tëscht den zwee Staaten ofgeschoss, heescht et vun de südkoreaneschen Autoritéiten.