Radioen

On air

Vue sur mer  |  Ankathie Koi - Bora Bora

play_arrow Live
search

/ "Domaine Tageblatt": Firwat maache Journaliste Wäin?

Medien

"Domaine Tageblatt": Firwat maache Journaliste Wäin?

Net nëmme berichten, mee och selwer erliewen an aktiv matschaffen: Ongeféier sou kann een de Projet “Domaine Tageblatt” beschreiwen. Amplaz all Joer nëmmen iwwer den Optakt vun der Drauwelies ze berichten an d’Wënzer ze froen, ob et ee gudde Joergang gëtt, hu sech d’Mataarbechter:inne vum Tageblatt virgeholl, de ganze Prozess vum Wäibau eemol selwer ze erliewen.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

D'Tageblatt-Mataarbechter am Wéngert. | © Sophie Schroeder play_arrow
D'Tageblatt-Mataarbechter am Wéngert. (Foto: Sophie Schroeder)

Een erfuerene Wënzer vun der Domaine Kox erkläert de 4 Zeitungs-Mataarbechter, wat op deem Moien, op deem mir si begleeden, ze maachen ass. Et si Minusgraden, mee d’Sonn schéngt. Jiddereen ass deck agepaakt mat Wanterjackett a gudde Schong un.

D'Aarbecht am Wéngert

Haut steet d’Bannen vun de Riewen um Programm. Dat heescht, nodeems d’Riewen déi lescht Kéiere geschnidde goufen, musse si elo mat Ficellen esou un den Drot gebonne ginn, datt d’Drauwen am Summer och gutt wuesse kënnen.

No der kuerzer Introductioun geet et och scho lass mat der eigentlecher Aarbecht. Am Ufank nach e bëssen onsécher, taaschten sech d’Journaliste lues erun, ginn duerch déi Dosende Reien, bannen d’Äscht un d’Dréit, a froen hei an do nach no. D’Wënzer begleede si dobäi Schrëtt fir Schrëtt.

No an no entwéckelt sech awer e Rhythmus an et geet virun.

Och Fangerspëtzegefill ass gefrot. | © Sophie Schroeder
Och Fangerspëtzegefill ass gefrot. (Foto: Sophie Schroeder)

D'Skepsis ass séier verflunn

Fir d’Journalisten ass et eng Méiglechkeet, eemol méi déif an ee Sujet anzedauchen, an iwwer ee längeren Zäitraum engem Projet nozegoen. Dat wier mol eppes anescht, erkläert de Sidney Wiltgen aus der Tageblatt-Politikredaktioun.

“Et huet einfach vun Ufank u relativ interessant geklongen, fir dat eemol vu fir bis hannen duerchzedeklinéieren. An ech sinn och een, deen net ongär mol mat den Hänn eppes schafft, an als Journalist huet een do Dag fir Dag relativ wéineg d’Geleeënheet dozou.”  

Mee net all Mataarbechter war direkt vum Projet iwwerzeegt. Fir d’Sandra Schmit aus der Lokalredaktioun zum Beispill, huet et awer net laang gedauert, bis si vun de Mataarbechter ugestach gouf.

“Ech war och e bësse méi skeptesch. Mee et huet een awer séier gemierkt, wéi si vum Wéngert zeréck komm sinn, datt dat Spaass mécht. An och hir Fotoen an Texter: Ech hunn allkéiers mega gelaacht.” 

Teambuilding mol eng Kéier aneschters

Zënter November scho komme si reegelméisseg op de Wéngert. Déi flexibel Grupp variéiert vun Asaz zu Asaz. Prinzipiell kéint jidderee matmaachen, dee Loscht huet, erkläert de Cédric Feyereisen aus der Lokalredaktioun.

“Prinzipiell ass et eng flexibel Grupp. Dat heescht, hei sinn elo Leit dobäi, déi fir d’éischte Kéier dobäi sinn, mee och därer, déi scho méi oft dobäi waren. Prinzipiell probéiere mir och net nëmme Journaliste mat op de Wéngert ze huelen, mee zum Beispill och Grafiker, déi schonn oft hei waren.” 

Mee net nëmmen Tageblatt-Mataarbechter:inne kënnen eng Hand mat upaken: Och interesséiert Lieser kënne sech un der Erfarung bedeelegen, erkläert de Chefredakter Chris Schleimer.

“Mir haten direkt bei eisem éischten Asaz ee Lieser, dee sech gemellt huet, deen e bësse méi Erfarung huet mat Uebstbeem schneiden. Ech weess net, ob mir an den Artikelen esou verzweifelt gewierkt hunn, mee deen huet direkt seng Hëllef ugebueden a war déi éischt Deeg mat dobäi.” 

D'Aarbecht am Wéngert ass ee gudden Teambuilding. | © Sophie Schroeder
D'Aarbecht am Wéngert ass ee gudden Teambuilding. (Foto: Sophie Schroeder)

D'Bewosstsi fir d’Aarbecht am Wäibau stäerken

D’Corinne Kox, déi dem Tageblatt eng Parzell vu ronn 30 Ar zur Verfügung stellt, appreciéiert d’Motivatioun, déi si gesäit, an och, datt jidderee säin Deel zu dësem Projet bäidroe wëll. Si begréisst et, datt dëse Projet hëlleft, d’Bewosstsi fir d’Aarbecht am Wäibau ze stäerken.

“D’Leit verléieren do e bëssen de Kontakt domat: Wéi entstinn déi Produiten, déi ech consomméieren? Déi Aarbecht hannendrun, déi Energie, deen Opwand. Fir dat erëm ze valoriséieren, a well mir immens vill Handaarbecht leeschten, kascht dat natierlech dat, wat et kascht.” 

Fir d’Redaktiounsmataarbechter:innen ass dëse Projet och eng Aart Teambuilding. Wärend der Aarbecht am Wéngert gëtt ëmmer rëm de Geck matenee gemaach, a vill gelaacht.

No e puer Stonnen ass schonn ee gudden Deel vun der Aarbecht fir haut gepackt. Fir e gudde Wäi brauch et Zäit – a bis et esou wäit ass, mussen d’Journalisten nach e puer Mol an de Wéngert kommen. Si hoffen, datt an ongeféier engem Joer déi éischt Fläsche kënnen ofgefëllt an op Foirë verdeelt ginn.

Am 100,7-Moiesstudio war den Tageblatt-Chefredakter Chris Schleimer invitéiert. Am Gespréich mam Maurice Molitor huet hie weider Abléck hanner de Projet "Domaine Tageblatt" ginn, an ass och méi am Detail op d'Finanzéierung an d'Kooperatioun mam Domaine Kox agaangen.

De ganzen Interview mam Chris Schleimerplay_arrow

Den Tageblatt-Chefredakter Chris Schleimer. | © Morgane Weidig
Den Tageblatt-Chefredakter Chris Schleimer. (Foto: Morgane Weidig)