Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Aldous Harding - Lawn

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’Stroossen vu Paräis wärend den Olympesche Spiller

Olympesch Spiller

D’Stroossen vu Paräis wärend den Olympesche Spiller

Paräis steet ganz am Zeeche vun den Olympesche Spiller, déi nach bis den 11 August an der franséischer Haaptstad stattfannen. Esou ee groussen Event huet natierlech och Afloss op de Paräisser Alldag. Wéi erliewen d'Awunner:innen d'Spiller?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© picture alliance / CHROMORANGE | www.viennaslide.com play_arrow
Foto: picture alliance / CHROMORANGE | www.viennaslide.com

Et brauch bal schonn een olympeschen Effort fir iwwerhaapt nach Paräisser:innen am Zentrum vun hirer Stad ze fannen. Bei der Place de la Concorde, wou ënner anerem d’olympesch Kompetitiounen am Skateboarden, am BMX-Freestyle an am Breaking ausgedroe ginn, gläichen d’Stroossen engem Mier vu Faarwen aus verschiddene Fändelen. Ee Paräisser, vun de wéinegen déi ze fanne sinn, hätt gezéckt fir wärend de Spiller do ze bleiwen. Am Enn wier hien awer frou d'Decisioune geholl ze hunn, do bliwwen ze sinn.

Een anere Paräisser beriicht dovun, datt den ëffentlechen Transport besser funktionéiere géif. D'Perceptioun vun der Stad wier iwwerdeems anescht iwwer déi sozial Medien. D’Stad wier méi roueg a manner iwwerfëllt. "En même temps, tous les vrais Parisiens sont partis en vacances", esou de Paräisser.

Eng aner Clientèle an de Restauranten

Och d'Caféen a Restauranten am Zentrum si strubbelvoll. Hei dominéieren awer d'Touristen. Och wann et dëst Joer anerer sinn, wéi eng Patronne erkläert.

"Je pense notamment aux Emirats, au Qatar, c’est normalement les clients qui viennent au mois d’août sur Paris et là ils ne sont pas là. Ils ont laissé la place aux touristes pour les JO et forcément c’est pas le même pouvoir d’achat. 

Eidel Stroosse baussent dem Zentrum 

Verléisst een den Zentrum awer an trëppelt een eng 20 Minutten nërdlech an den néngten Arrondissement, da bitt sech engem schonn een anert d’Stadbild. Eidel Stroossen an Terrassen, nëmmen e puer vereenzelt Persounen.

D'Paräisser:inne verloossen traditionell d'Stad am August fir sech Richtung Süden oder Plage ze maachen. Dëst Joer hunn d'Spiller dësen Trend nach verstäerkt. D'Metroen, d'Stroossen ausserhalb vum Zentrum sinn eidel.

Fir d'Restauranten am néngten Arrondissement ass dëse Summer bis elo kee lukrativen. Déi meescht Paräisser si virum gemengten Undrang aus hirer Stad geflücht. Elo hätt sech dat awer anescht erausgestallt, esou ee Restaurantbesëtzer.

“Tous les Parisiens enfuient Paris pour les Jeux Olympiques. On est en peur qu’il y a vraiment trop trop de monde et au final, on voit les rues, elles sont vides. Nous avons une énorme baisse de la clientèle, normalement on devrait faire 80 couverts et on en fait même pas 20 ce midi.”

Präisser vun der Metro si geklommen

D'Zich vun der Metro sinn zwar däitlech manner voll, dofir kaschte se awer wärend de Spiller dat duebelt: 4 Euro amplaz 2 Euro. Dat stéisst op wéineg Verständnis bei de Paräisser:innen.

Wien de Summer iwwer zu Paräis bleift, stierzt sech entweder an de Spektakel vun Olympia oder probéiert dësem wäit méiglechst ze entgoen. Fir vill Paräisser:inne sinn déi eidel Stroossen vun hirer Stad awer sécherlech och eng kleng Vakanz vum Alldagsstress an der Metropole.

Geschriwwe vum Max Tholl vu Paräis

Lauschterenplay_arrow