Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jungle By Night - Yeni Bir Yer Feat. Meral Polat

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Staumauer vun Esch-Sauer gëtt renovéiert

Chamber huet gréng Luucht ginn

D'Staumauer vun Esch-Sauer gëtt renovéiert

De Klimawandel an eng méi héich Populatioun féieren dozou, datt d'Staumauer zu Esch-Sauer méi sécher gemaach muss ginn. Elo soll se op Reefäll preparéiert ginn, déi esou staark sinn, datt se just all 10.000 Joer virkommen. Et ass awer net déi eenzeg Infrastruktur am Land, déi eng Renovatioun néideg huet.   

auto_stories

3 min

headphones

2 min

D‘Staumauer zu Esch-Sauer wäert renovéiert ginn. Derbäi kommen Héichwaasserschutzmesurë fir Esch-Sauer a Béiwen. Den deementspriechende Projet goung gëschter um Mëttwoch duerch d‘Chamber.

Preparéiert op Reefäll, déi just all 10.000 Joer virkommen

Et goufen Etudë realiséiert fir anzeschätzen, wat am Extreemfall gscheie géif, wann d’Staumauer géif zesummebriechen. Do géifen et da Repercussioune bis op Tréier ginn.

D’Staumauer gëtt deemno verstäerkt an als Referenz gëtt de Fall geholl vun enger massiver Reeperiod, déi awer statistesch gesinn nëmmen all 10.000 Joer géif virkommen.

Den DP-Députée-maire a Rapporter vum Gesetz, de Gusty Graas, erkläert verschidde Moossnamen, déi ëmgesat ginn.

"Dofir gëtt elo op der lénker Säit vum Bau eng Galerie vun 160 Meter gebaut, wou d'Waasser fräi oflafe kann. Da ginn zwee Déversoire gebaut, déi deelweis och ënnert dem Waasser sinn an och deelweis iwwer dem Waasser. Da kënnt awer virun déi zwee Déversoire ee schwammende Barrage. Deen huet als Missioun, fir dann Elementer zeréckzehalen, datt déi net an déi Déversoire kommen."

Weider Moossname gi getraff fir Esch-Sauer ze schützen. Dat mat engem Bypass vun 142 Meter, dee mat enger Hydraulik equipéiert ass. Eng ganz Partie un Adaptatioune ginn et fir Esch-Sauer selwer am Fall vun Héichwaasser ze schützen. Weider Moossname ginn zu Béiwe getraff.

Pirate fuerderen ee Fong fir Naturkatastrophen

D’Piratepartei begréisst déi Investitiounen, mee fuerdert och d’Schafe vun engem Fong fir Naturkatastrophen, esou de  Ben Polidori, Deputéierte vun der Piratepartei.

"Zënter Jore froe mir schonn, datt d'Regierung endlech och e Fong fir Naturkatastrophen hei am Land soll opstellen, well mam Klimawandel wäert et dozou kommen, datt et leider ëmmer méi zu Naturkatastrophen oder ongeplangte Wiedere wäert kommen. Mir sollten als Politik dofir virausschauend schaffen an eis op déi schlëmmsten Zenarien astellen."

D’Aarbechte fänken dëst Joer un a kéinten 2031 ofgeschloss sinn. De Käschtepunkt läit bei 98 Milliounen Euro. D’Staumauer, déi aus de 50er Jore staamt, huet eng Héicht vu 47 Meter.

Erneierungen am Beräich vum Militär

D’Chamber huet gëschter och gréng Luucht gi fir d’Erneierung vum Militärcamp an dem Militärdepot um Waldhaff. Déi aktuell Infrastrukture sinn net méi konform mat de Sécherheetskrittären, déi fir Militäranlagen gëllen. De Budget beleeft sech hei op iwwer 81 Milliounen Euro.

Dat gelt och fir de Schéissstand Bleesdall. Do kascht d‘Renovatioun 71 Milliounen Euro. 

Lauschterenplay_arrow