Radioen

On air

Thé Dansant  |  Lou Reed - Christmas In February

play_arrow Live
search

/ D'Stad Lëtzebuerg plangt fir 2025 mat engem méi héije soziale Budget

Finanzen

D'Stad Lëtzebuerg plangt fir 2025 mat engem méi héije soziale Budget

D'Stad Lëtzebuerg schléisst dëst Joer mat engem méi nidderege Budgetsdefizit of wéi erwaart. Et war ee vun engem Defizit vu bal 220 Milliounen Euro ausgaangen. Schlussendlech wieren et just eng ronn 141 Milliounen, esou d'Budgetsrapportrice Emilie Costantini.

auto_stories

1 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

Fir d'nächst Joer gesäit den DP-CSV Schäfferot een Defizit vu ronn 153 Milliounen Euro vir, deen aus de reportéierte Resultater aus dem Joer 2024 finanzéiert soll ginn. De Stater Budget 2025 wäert d'nächst Woch gestëmmt ginn.

De soziale Budget soll vun 51 Milliounen am Joer 2023 op bal 72 Milliounen erhéicht ginn, esou de Laurent Mosar, CSV-Schäffen. Dës Zomm ass ënner anerem fir d'Energieprimm bäizebehalen.

"Mir sinn, sou wäit ech weess, déi eenzeg Gemeng an deem Land, déi iwwerhaapt esou eng Energieprimm huet, déi eigentlech do ass, fir déi Bierger, deenen et net esou gutt geet, fir deenen ze hëllefen, déi awer steigend Energiepräisser kënnen ze schëlleren. Mir wäerten Iech d’nächst Woch proposéieren, déi Energieprimm ze verduebelen."

Am Budget fir d'Joer 2025 spillt d'Mobilitéit an de Logement weiderhin eng wichteg Roll. 8 Milliounen Euro si fir den Ausbau vum Tramsreseau virgesinn. Fir de Bau an d'Renovatioun vu Gebaier sinn 229 Millioun Euro am Budget ageplangt.