Hien hätt déi Décisioun schonn den 20. Juli matgedeelt kritt. D’Begrënnung mat där säin Aarbechtskontrakt eesäiteg vum Conseil gekënnegt ginn ass, géif hien awer kontestéieren, sou de Marc Niederkorn. Hie bedauert, dass hie seng Virstellungen net ëmsetze konnt, wat d’Roll vun der SNCI beim Finanzement vun de groussen Zukunfts-Défien (wéi z.B. der Energie-Transitioun) ubelaangt. Hie seet och, e wär vum Conseilspresident gebremst gi beim Versuch déi intern Reformen duerchzesetzen, mat deenen hien vun de Ministere Fayot a Backes beoptraagt gi war. D’Gouvernance vun der SNCI wier haut net méi konform mat allen nationalen an europäeschen Ufuerderungen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ D'SNCI huet hiren Direkter entlooss
Staatlech Investitiouns-Gesellschaft
D'SNCI huet hiren Direkter entlooss
D’SNCI, déi staatlech Kredit- an Investissements-Gesellschaft huet sech op den 1. Oktober, no nëmmen engem Joer, vun hirem Direkter Marc Niederkorn getrennt. Dat hunn de Concernéierten an d'SNCI dem Radio 100,7 confirméiert. Iwwer d'Grënn vun der Entloossung wëllt d'SNCI sech op Nofro hin net äusseren.
auto_stories
1 min
![](/1_Foto/100komma7.lu/91171/image-thumb__91171__base_thumbnail/2023-10-02-SNCI%20CMS.533484fe.jpg)