Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Franz Ferdinand - Night Or Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Populatioun vun der polnescher Stad Nysa muss evakuéiert ginn

Wéinst Héichwaasser

D'Populatioun vun der polnescher Stad Nysa muss evakuéiert ginn

A Polen huet de Buergermeeschter vun der Stad Nysa der Populatioun vu 44.000 Leit gesot, si sollten d'Stad wéinst dem Héichwaasser evakuéieren. Si solle sech op méi héich geleeë Plazen a Sécherheet bréngen, well en Damm riskéiere géif ze briechen, esou de Buergermeeschter.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Jens Büttner

De Bilan vum Héichwaasser, dat zanter dem Weekend Mëttel- an Ost-Europa trefft, ass op d'mannst op 16 Doudeger geklommen, dovu 7 a Rumänien. Doudesaffer gouf et och an Éisträich, der tschechescher Republik a Polen.

D'Héichwaasser huet sech plazeweis stabiliséiert, mee d'Situatioun bleift kritesch op anere Plazen. An der slowakescher Haaptstad Bratislava ass d'Donau iwwer d'Ufere gelaf an huet Deeler vun der Alstad iwwerschwemmt.