Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’Police warnt op en Neits viru Bedruchs-Mailen

Cybersécherheet

D’Police warnt op en Neits viru Bedruchs-Mailen

An der Lescht géingen der Police nees méi Fäll gemellt ginn, bei deene Privatpersounen am Kader vun enger presuméierter strofrechtlecher Enquête eng falsch E-Mail vun der Lëtzebuerger Police, respektiv vu BEE SECURE, der Justiz oder vun der Police am Ausland géinge kréien.

auto_stories

1 min

D'Zil vun de Kriminellen, déi hannert dëser Bedruchsmasch stiechen, wier et an éischter Linn emol mam Affer a Kontakt ze kommen an da Geld ze fuerderen, fir déi presüméiert Strofdot ze begläichen.

Persounen, déi esou eng E-Mail kréien, sollen dës ignoréieren a läschen.