D’UNO huet rezent e Rapport mat Donnéeën aus dem Joer 2024 virgeluecht, deen en däitlecht Zouhuele vu Gewalt géint Fraen a Meedercher weist. Déi verschidden Aarte vu Gewalt – physesch, sexuell, psychologesch an digital – zéien sech duerch all hier Liewensberäicher: doheem, op der Aarbechtsplaz, am ëffentleche Raum an am Internet.
Eng Milliard Affer, eng Milliard Täter
Weltwäit huet ronn een Drëttel vun alle Fraen eng Form vu Gewalt erlieft, wat ronn enger Milliard Affer – a wéinstens enger Milliard Täter - entsprécht. 2023 goufe 85.000 Fraen a Meedercher virsätzlech ëmbruecht, 60 % vun hinnen duerch en Intimpartner oder e Familljemember – meeschtens an hirem eegenen Doheem, deem Raum, wou se sech eigentlech sécher fille sollten. Zousätzlech zu de "klassesche" Forme geet digital Gewalt ëmmer méi an d’Luucht. Si gëtt duerch Anonymitéit gefërdert, féiert zu immensem psycheschen Drock, gëtt awer nëmme seelen effektiv bestrooft.
E Verbrieche géint d’Mënschlechkeet
Besonnesch erschreckend ass och déi sexualiséiert Gewalt a Krichsgebidder an a Flüchtlingslager, déi och Männer a Jongen trëfft. Gewalt géint Frae gëtt do allerdéngs gezielt als Waff agesat, déi Gemeinschaften destabiliséiert –well déi betraffe Fraen, besonnesch wann se duerch dee Viol e Kand erwaarden, sozial verstouss ginn. Säit 2008 ass sexualiséiert Gewalt iwwregens e Verbrieche géint Mënschlechkeet.
Educate your boys…
Ech hunn ni verstan, wéi Männer, déi jo alleguer enger Mamm hire Jong sinn, vläicht enger Schwëster hire Brudder oder Papp vun enger Duechter sinn, esou Verbriechen u Frae kënne begoen. D’Simone de Beauvoir schreift, et kéim een net als Fra op d’Welt, mee et géif een duerch d’Gesellschaft dozou ginn. Dat selwecht gëllt och fir d’Männer. Jongen, déi vu klengem un héieren, net däerfen ze kräischen, déi sexistesche Reklammen a Spréch ausgesat sinn, déi sech an engem Internet beweegen, wou Gewalt a Fraefeindlechkeet normaliséiert sinn, iwwerhuelen dës Biller a Verhalensmuster.
Schonn an der Famill an an der Schoul mussen d’Jonge léieren, datt richteg Stäerkt och Verletzlechkeet, Empathie a Respekt ëmfaasst. Si brauche Rollemodeller – Sportler, Kënschtler, Politiker, Pappen – déi kloer signaliséieren, datt Gewalt a Mannsinn net zesummegehéieren.
Leschte Weekend goufe beim Lëtzebuerger Filmpräis zwee Filmer priméiert, déi Gewalt géint Fraen zum Thema hunn: dem Loïc Tanson säi Film "Läif a Séil" an dem Eric Lamhène säin "Hors d’haleine". Et gëtt wierklech héich Zäit, datt déi grouss Schrëftstellerin Margaret Atwood Onrecht kritt, wann se seet: "D’Männer fäerten, datt Fraen iwwert se laachen. D’Frae fäerten, datt Männer se dout maachen."
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.