Radioen

On air

Notturno  |  The Soft Pink Truth - Wanna Know

play_arrow Live
search

/ D'Noutschleisung zu Müden huet ugefaangen

Nom Accident op der Musel

D'Noutschleisung zu Müden huet ugefaangen

Gutt eng Woch nodeems an Däitschland bei Müden eng Muselschleis no enger Kollisioun mat engem Schëff ausgefall ass, funktionéiert zënter haut um Méindeg eng Noutléisung.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Frey
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey

Dat hollännescht Schëff 'Allegra' war um Méindegmoien dat éischt, dat d‘Schleis no enger Woch nees konnt passéieren. Dat 110 Meter laangt Schëff, dat Weess gelueden huet, konnt an d‘Schleis eran nodeems e Kran déi futtis Schleisepaart duerch eenzel Metallplacken ersat hat.

5 Schëffer pro Dag

Taucher hunn dobäi gehollef, d‘Placken esou ze positionéieren, datt se d‘Waasser zréckgehalen hunn. Iwwer e spezielle Schlitz gëtt d‘Waasser aus der Schleis eraus lafe gelooss, sou datt d‘Schëff den ënneschte Flossniveau erreecht.  Déi provisoresch Placken ginn dann eenzel nees erausgeholl an d‘Schëff kann duerchfueren.

Déi Prozedur muss fir all Schëff widderholl ginn. Amplaz vun enger Véirelstonn dauert déi ganz Prozedur elo bis zu 6 Stonnen. Maximal fënnef Schëffer kënne pro Dag passéieren.   

Reperature kënne sech bis Mäerz zéien

Et ass fir d‘éischte Kéier iwwerhaapt datt esou eng Noutschleisung duerchgefouert gouf. Eng 70 Schëffer, déi momentan op der Musel blockéiert sinn, kënnen da weider iwwer Koblenz an de Rhäin fueren.

D‘Reparatur vun er beschiedegter Schleisepaart kéint sech bis Mäerz zéien. Mat der Noutprozedur ass awer op d'mannst sécher gestallt, datt d‘Schëffer net méintelaang festleien.