Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Museeë stelle sech aus

Nuit des Musées an der Stad

D'Museeë stelle sech aus

Dëse Weekend ass Nuit des musées. 7 Muséeën an der Stad maachen hir Diere vu 5 Auer nomëttes bis eng Auer moies op an et kritt een ee méi ausgefalene Programm gebueden. Deen Owend sinn d'Muséeë gewéinlech ganz gutt gefëllt, mat jonk an al a ville Leit, déi am Joer vläicht net sou dacks an de Musée ginn.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D'Organisatioun vun esou engem groussen Event wéi enger Nuit des musées wier e komplexen, awer och e ganz spannende Prozess, seet d‘Coordinatrice Laura Zaccaria. Scho Méint am Virfeld géifen d‘Mataarbechter aus de verschiddene Muséeë sech koordinéieren. Dobäi wier eng Nuit des Musées gläichzäiteg ee gemeinsame Projet, mee déi eenzel Haiser hätten och eng grouss Autonomie fir hiren eegene Programm deen Owend ze weisen.

"An dee Projet maache mer elo scho säit e puer Joren an dat ass dee Projet vun de Coup de Coeuren. An do hu mer all Joers extern Leit, déi mer invitéieren an d'Muséeën, sech hiert Liblingswierk erauszesichen am Viraus an dann den Owend selwer doriwwer eng Presentatioun ze maachen an eng nei a frësch Perspektiv op ee Wierk ze ginn."

Enk Zesummenaarbecht tëscht de Muséeën

Dëst Joer géif een awer och mat den eegene Leit zesummeschaffen, dat heescht mat Ausstellungscurateuren a Curatricen, awer aus den Nopeschmuséeen. „Dat heescht, mir hunn zum Beispill eng Curatrice aus dem Musée Dräi Eeschelen, déi geet an de Mudam an dann eben och eng Curatrice aus dem Moudam, déi geet an d'Ville à Vauban an esou weider.“

Och dëst Joer hätt ee sech iwwerdeems erëm d‘Méi gemaach fir fir all Altersklass eppes z‘offréieren. Esou ginn eng Rëtsch Workshops fir Jonker proposéiert a Kanner kënnen zum Beispill hiren eegene Renert printen. „DJ Sets maachen d'Nuit des musées fir haaptsächlech de jonke Public immens attraktiv“, sou d‘Laura Zaccaria.

Geheimnis vum Succès: Sech ëmmer nees nei erfannen

Generell géif et de Muséeën nom Abroch wärend de Covid-Joeren och erëm besser goen, d‘Visiteurszuelen wieren zolitt. 2023 wier een an de 7 Staater Muséen op iwwer 467.000 Visitte komm an den Trend géif kloer no uewe weisen.

Dëse Succès géif sech doduerch erklären, datt d‘Muséeën ëmmer méi interaktiv gi wieren, d‘Ausstellunge selwer géife méi dacks gewiesselt ginn, wéi nach virun e puer Joer an natierlech géife gourss Eventer wéi eng Nuit des Musées och hëllefen.

Lauschterenplay_arrow