Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Monica Semedo huet nach keng konkret perséinlech politesch Pläng

Nom schlechte Walresultat

D'Monica Semedo huet nach keng konkret perséinlech politesch Pläng

D‘Monica Semedo huet hire Sëtz am Europaparlament verluer. Si huet dës Kéier fir Fokus kandidéiert, mee krut just nach knapp ënner 5.000 Stëmmen. D‘Walresultat wier natierlech net zefriddestellend.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Monica Semedo | © picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres play_arrow
Foto: picture alliance / Geisler-Fotopress | Christoph Hardt/Geisler-Fotopres

Der DP hat si 2019 nach iwwer 50.000 Stëmme bruecht. Fokus krut bei dësen EU Wale just 1,6 Prozent vun de Stëmmen. 

Si hätt d'Erausfuerderung ugeholl, sech nach emol de Wieler ze stellen, a kéint elo hir 5 Joer am Europaparlament ofschléissen.

Keng einfach Viraussetzungen

Markéiert waren déi fënnef Joer och vun der Mobbing-Affär. D‘Monica Semedo war zweemol wéinst Mobbing zu Stroossbuerg sanktionéiert ginn. Si war duerno aus der DP ausgetrueden a fir dës Europawale fir Fokus ugetrueden. D'Viraussetzunge wieren deemno net einfach gewiescht. Am 100,7-Interview hat si gesot, si wéilt "méi Transparenz schafen".

"Dat gouf mir verbueden a gouf mir och nach eng Kéier vum EU Parlament leschten Donneschdeg mat engem Rappel gesot, also per Email, datt ech ebe guer keng Transparenz dierf schafen, mech net dierf erklären."

"Dat hätt vläicht d'Resultat geännert", mengt d'Monica Semedo. 

Monica Semedo bleift bei Fokus

Wéi ass et elo mat hirer politescher Zukunft? Do léisst d‘Monica Semdeo sech nach net ze vill an d‘Kaarte kucken. Si géif awer bei der Partei Fokus bleiwen. D'Partei géif d'Resultat elo analyséieren. Iwwer hir genee Roll bei Fokus äussert si sech nach net.

"A soss wäert ech mech an Zukunft weider fir Chancëgläichheet, méi Inclusioun an Diversitéit, an Anti-Diskriminatioun asetzen. Dat hunn ech déi lescht Joren net nëmmen am Europaparlament, mee och scho virdru gemaach. An ech géif dat och gär weidermaachen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Politik a Gesellschaft