Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Autumn Sweater - Drinks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mënscherechtskommissioun soll un d'Chamber rattachéiert ginn

Mënscherechter

D'Mënscherechtskommissioun soll un d'Chamber rattachéiert ginn

E Freideg gouf an der Chamber e Gesetzesprojet ugeholl, deen d'Mënscherechtskommissioun CCDH un d'Chamber rattachéiere soll. Dat ass eng jorelaang Fuerderung vun der Mënscherechtskommissioun. Et wier een deemno och ganz zefridden, seet d'Presidentin Noémie Sadler am 100,7-Interview. E puer Froe mussen awer nach gekläert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

D'Noémie Sadler ass Presidentin vun der CCDH. | © radio 100,7 play_arrow
D'Noémie Sadler ass Presidentin vun der CCDH. (Foto: radio 100,7)

Et wier e wichtege Schrëtt fir d'Mënscherechter zu Lëtzebuerg an och e wichtege Schratt fir d'Onofhängegkeet vun der Mënscherechtskommissioun, ënnersträicht d'Presidentin vun der CCDH, d'Noémie Sadler. Och bis elo hätt ee kéinten onofhängeg schaffen. Duerch de Rattachement un d'Chamber kommen awer elo nei Froen op.

"An do wëlle mir dann och weider abezu ginn, wéi zum Beispill elo d'Nominatioun vun de Memberen. Wéi geet et weider mam Presidenteposten, mat der Professionalisatioun? Dat ass elo op alle Fall eppes, wou mir nach weider wäerten dru schaffen an dann och hoffen, dass mir gemeinsam mat der Chamber dat kënnen dann ausschaffen."

"Ee wichtege Schratt", mee elo muss de Suivi gemaach ginn

Bei verschiddene Punkten, déi am Projet de Loi nach mussen ausgeschafft ginn, huet d'Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun eng kloer Positioun. Esou fuerdert ee bei der Nominatioun vun de Memberen, wéi et och an de Principes de Paris (dat sinn déi Prinzippien, déi virginn, wéi onofhängeg eng Mënscherechtskommissioun ass a wéi eng Prinzippie musse respektéiert ginn) mat agebonnen ze ginn, an datt d'Nominatioun vun de Memberen net nëmme vum President vun der Chamber ofhänkt.

"Momentan hu mir jo eng gewëssen Unzuel u Memberen. Bleift déi? Ginn et da méi? Ginn et da manner? Dat alles muss een elo ausschaffen."

De Projet de loi wier een éischte "wichtege Schrëtt", seet d'Noémie Sadler, mee et wier elo och wichteg ze kucken, wéi et an Zukunft weidergeet. 

Lauschterenplay_arrow