Déi russesch Autoritéite wëllen d‘Läich eegenen Aussoen no nach zwou Woche laang ënnersiche fir d‘Doudesursaach ze ërmettelen. Dem Alexei Nawalny seng Supporter reprochéieren der Regierung Beweiser wëllen ze vertuschen. D‘EU hat eng international Ënnersichung gefuerdert wat de Kreml net acceptéiert huet.
Gëschter hunn d‘USA dann nei Sanktioune géint Russland decidéiert. Et géif sech ëm e grousse Sanktiounspak handelen, deen d‘US Regierung iwwermuer géif virstellen, sot de Chef vum nationale Sécherheetsrot, John Kirby, zu Washington. Weider Detailer huet hien nach net ginn.