Radioen

On air

De Weekend  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Maison du Luxembourg gouf ageweit an d'Ni Xia Lian ass een Tour virun

Olympia

D'Maison du Luxembourg gouf ageweit an d'Ni Xia Lian ass een Tour virun

De Freideg  gouf zu Paräis am Stadion Jean Bouin d’Maison du Luxembourg offiziell ageweit. Bei där Zeremonie war nieft der groussherzoglecher Koppel, den Premier Luc Frieden an de Sportminister present, grad ewéi de President vum COSL, den André Hoffmann.

auto_stories

1 min

Foto: sportspress.lu/ Jeff Lahr

 Wärend denOlympesche Spiller wäert dat Lëtzebuerger Haus déi Plaz sinn, wou déi Lëtzebuerger Kultur a seng Sportszeen ka gewise ginn. Doriwwer eraus ass op der Plaz eng Ausstellung iwwert d’Geschicht vu Lëtzebuerg bei den Olympesche Spiller.

Ni Xia Lian virun, De Nutte a Mladenovic eliminéiert

De Samschdeg den Owend huet sech vun den 3 Lëtzebuerger Dëschtennisspiller just d’Ni Xia Lian fir d’16els-Finallen am Simple qualifizéiert. Si huet sech 4:2 géint d’Tierkin Sibel Altinkaya duerchgesat. De Méindeg den Owend ass si erëm am Asaz.

D’Sarah de Nutte an de Luka Mladenovic goufen eliminéiert: D’Sarah de Nutte huet um Schluss 2:4 verluer, de Luka Mladenovic huet och trotz zum Deel gudder Géigewier 0:4 géint den Dän Jonathan Groth verluer. Haut ass kee Lëtzebuerger Sportler an der franséischer Haaptstad am Asaz.

D’Wieder huet de Programm duerjernee geheit

D’Kompetitioun am Skateboard gouf wéinst dem Reen op muer verréckelt. Haut sollt am Triathlon den Training an der Seine sinn, mee well et souvill gereent hat déi leschten Deeg wier d’Waasserqualitéit net gutt genuch. Et wier een awer zouversiichtlech, datt et méiglech wier, d’Triathlonkompetitioun den Dënschdeg an de Mëttwoch an der Seine duerchzeféieren.