Radioen

On air

Notturno  |  Björk - Aurora

play_arrow Live
search

/ D'Liewensmëttelpräisser sinn 2023 erofgaangen

International Wirtschaft

D'Liewensmëttelpräisser sinn 2023 erofgaangen

D‘Liewensmëttelpräisser sinn 2023 weltwäit ëm 13,7 Prozent gefall am Verglach mam Joer virdrun.

auto_stories

1 min

Illsutratioun Liewensmëttelpräisser | ©  picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte
Illsutratioun Liewensmëttelpräisser (Foto: picture alliance/dpa | Julian Stratenschulte)

Dat huet d‘Welternärungsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen, FAO, haut matgedeelt. De gréisste Réckgang gouf et deemno bei de Kären, mat engem Minus vun iwwer 15 Prozent, a virun allem bei den Ueleger, wou d‘Präisser ëm bal 33 Prozent gefall sinn. Déi Baisse wier haaptsächlech op eng méi niddereg Demande am Secteur vum Biodiesel zeréck ze féieren, ass et d‘Erklärung vun der FAO.