Radioen

On air

Moiesstudio  |  Shriekback - All Lined Up

play_arrow Live
search

/ D’Laura Thorn wëll eng modern Variant vun der France Gall zeréck op den ESC bréngen

Musek

D’Laura Thorn wëll eng modern Variant vun der France Gall zeréck op den ESC bréngen

Mat enger Zort modernen Hommage un d’France Gall konnt d’Laura Thorn de Luxembourg Song Contest fir sech entscheeden.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Hiren Optrëtt um nationale Virentscheed huet sech ronderëm déi verstuerwen ESC-Gewënnerin gedréint: Um Ufank vum Lidd gouf e Videoclip ageblent, an deem d’France Gall mat Orchester ze gesinn ass. D’Laura Thorn selwer huet sech als rosa Popp inzenéiert, begleet vun Dänzer a pinke Kostümer.

Eng rosa Versioun vun der France Gall

Wärend d’Lidd vun der France Gall wéinst der Duerstellung vum Fraebild kritiséiert gouf, wëll d’Laura Thorn iwwer Emanzipatioun an Onofhängegkeet sangen. Dat huet si mol no der Show virun der Press erkläert.

“Also mäi Lidd heescht jo 'La poupée monte le son'. An eng Popp lieft jo net, déi muss vu bausse kontrolléiert ginn, fir kënnen ze funktionéieren. Déi ka jo net selwer decidéieren. An a mengem Lidd ass et awer esou: Nee, d’Popp huet elo hir eege Power a ka fir sech selwer decidéieren, huet hir eege Stëmm, a weist hir Stëmm och. Dat heescht, do ass esou bëssen e feministesche Message hannendrun.”

E fäerdegt Konzept vu Paräis

D’Iddi fir dës nei Interpretatioun ass net vun der Laura Thorn selwer komm, mee vun zwee Produzente vu Paräis. D’Lidd war scho komplett geschriwwen, ier d’Sängerin kontaktéiert gouf, fir et ze sangen.

Der Laura Thorn schéngt et net wierklech eppes auszemaachen, datt de Choix iwwer d’Lidd net wierklech bei hir loung, a si sech dem Lidd souzesoen ugepasst huet. Éischter de Géigendeel also par rapport zu deem, wat si am Lidd sengt.

D’Laura Thorn wier als Artistin upassungsfäeg an hätt och kee konkret Zil, wou dës ESC-Aventure hiféiere soll.

“Ech mengen, dat ass richteg cool, esou bëssen aus senger eegener Comfort zone erauszekommen an einfach lauter Saachen auszeprobéieren, dat ass jo och dat wat een Artist herno ausmécht. Ech mengen, ech si jo och nach extrem jonk, ech weess nach net genau a wéi eng Richtung goe wëll. Dofir ass et richteg interessant fir mech lauter Saachen auszeprobéieren. Esou ginn ech lauter Saachen iwwer mech selwer gewuer. Ech léiere mech selwer besser kennen a forméieren dann d’Artistin déi ech eng Kéier wäert sinn.”

Fir d’Laura Thorn stinn iwwer déi nächst Méint bis den Eurovision Song Contest am Mee vill Prouwen un.

Lauschterenplay_arrow