D'Taucher hate südlech vun der Haaptstad vun de Malediven Malé een Ausfluch an eng Ënnerwaasserhöl a ronn 50 Meter Déift gemaach. Do sinn och hir Läichen elo fonnt ginn.
Déi genee Ursaach vum Accident an d'Ëmstänn si weiderhin onkloer, eng Enquête leeft. Medie mellen, datt d'Grupp nëmmen eng Erlabnis hat, fir op 30 Meter Déift ze tauchen. Fir méi déif ze tauchen, brauch een op de Malediven eng extra Autorisatioun, déi de Grupp vun Taucher wuel net hat.