Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Basalte

play_arrow Live
search

/ D'Inflatioun ass am Dezember liicht ugezunn

Wirtschaft

D'Inflatioun ass am Dezember liicht ugezunn

D‘Inflatioun an der Eurozon ass am Dezember eng éischte Kéier zanter September nees ugezunn.

auto_stories

1 min

D‘Präisdeierrecht loung am leschte Mount vum Joer 2,9 Prozent méi héich wéi dat Joer virdrun, deelt Eurostat haut mat. Am November war et nach en halwe Prozentpunkt manner, den niddregste Stand zanter dem Summer 2021. Analysten haten sech d‘Hausse am Dezember awer erwaart. Ouni Energie a Liewensmëttel gouf et awer e weidere Réckgang, op 3,4 Prozent, no 3,6 Prozent am November.