Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Hisbollah soll 60 Rakéiten op een israeelesche Militärstëtzpunkt geschoss hunn

Noen Osten

D'Hisbollah soll 60 Rakéiten op een israeelesche Militärstëtzpunkt geschoss hunn

D‘Hisbollah huet uginn, 60 Rakéiten op een israeelesche Militärstëtzpunkt geschoss ze hunn. Dat als Reaktioun op déi israeelesch Attacken am Libanon.

auto_stories

1 min

© Maciej Ruminkiewicz / Unsplash
Symbolfoto: Maciej Ruminkiewicz / Unsplash

Bei enger israeelescher Attack haut am Nordoste vum Libanon wieren den Autoritéiten no zwee Mënschen ëm d‘Liewe komm. Wéi et aus libanesesche Sécherheetskreesser heescht géing et sech bei den Doudesaffer ëm zwee Kämpfer vun der pro-iranescher Hisbollah handelen.

Et ass fir d’éischte Kéier zanter dem Ufank vum Gaza-Krich, datt déi israeelesch Arméi Ziler am Nordoste vum Libanon ugräift. Wéi déi staatlech Tëlee Al-Manar mellt hätt d’Hisbollah kuerz virdrun och eng israeelesch Dron am Süden ofgeschoss.