Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D’Geschicht vun der Bofferdings-Brauerei

Brauerei

D’Geschicht vun der Bofferdings-Brauerei

De laangjärege Patron Paul Bofferding huet d’Geschicht vun der Bofferdings-Brauerei opgeschriwwen. Säi Buch “Les Bofferdings – Brasseurs à Bacharage” ass pünktlech fir d’Walfer Bicherdeeg erauskomm.

auto_stories

1 min

headphones

22 min

play_arrow

Beschriwwe gëtt am Buch zum Beispill wéi de Béier an der Zäit, an zwar bis deck an d’Hallschecht vum 20. Joerhonnert eran, bei d’Leit koum. De Paul Bofferding erkläert, datt d’Wirtschafte Fässer vun der Brauerei oder dem Depositaire krut. Den Depositaire huet och ënner anerem d’Fläschen agefëllt.

“Well déi haten deemools nach keng eegen Anlag, fir Fläschen ze fëllen. An dat ware primitiv Dénger, déi si do haten, dat ass alles op der Hand gaangen. An dat war och, deelweis war dat net gutt propper gehalen, an si haten dann och Bouwen domadder beschäftegt vun 13, 15 Joer, déi do dat gemaach hunn.”

Wee méi iwwer d’Geschicht vun der Brauerei wëll gewuer ginn, dee kann dat am Buch “Les Bofferding - Brasseurs à Bascharage” noliesen. D’Buch gëtt et iwweregens och an enger däitscher Versioun 

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow