Gëschter sinn och fir d'éischte Kéier, an dëser Serie vu Manifestatiounen, Jonker an Däitschland op Strooss gaangen. D'Organisatioun "Gen Z regelt“ an Däitschland fuerdert méi Sue fir Schoulen, de Klimaschutz a Mesurë géint déi héich Liewenskäschten. Si fuerderen iwwerdeems méi sozial Gerechtegkeet a si strikt géint eng obligatoresch Wehrpflicht.
Méi Suen fir Klimaschutz a manner fir Waffen
D'Organisateure schwätze vun 120.000 Leit déi gëschter, a ganz Däitschland, op d'Strooss gaange sinn. Si hate allerdéngs mat iwwer 180.000 Leit gerechent. An de Groussstied Köln a Frankfurt ass et plazeweis zu Ausernanersetzunge mat der Police komm.
Zu Frankfurt goufen och Geschäfter am Zentrum vun der Stad zerstéiert. D‘Police huet 30 Leit festgeholl. Zu Köln goufe beim Doum Polizisten ugegraff, fënnef Leit goufe virleefeg festgeholl.
Protester a Frankräich gi weider
A Frankräich sinn d‘Manifestatioune vum drëtte Mobilisatiounsdag gëschter gréisstendeels roueg iwwer d‘Bün gaangen. Am Laf vum Owend ass d‘Situatioun plazeweis eskaléiert, ënner anerem zu Paräis. D'Forces de l'ordre hu missen agräifen. Fënnef Persoune goufe blesséiert, dräi dovunner duerch Molotowcocktailer. Wéi déi lokal Autoritéite melle wieren insgesamt 565 Manifestanten uechter Frankräich festgeholl ginn.
D'Manifestatioune wieren allgemeng awer vill méi roueg ofgelaf, wéi déi an de leschte Wochen. Déi franséisch Autoritéite féieren dat op déi massiv Policepresenz zeréck.
Präisser op der Pompel falen
A Frankräich reduzéiert de Grupp E.Leclerc seng Präisser um Bensinn ëm 21 Cent de Liter. Dat vun haut un an op all den 742 Tankstellen a Frankräich, déi dem Grupp gehéieren. TotalEnergies hat hir Präisser och schonn erof gesat. Dat wéinst engem Dekreet vun der Franséischer Regierung dee beseet, datt d'Firmen hir strategesch Pëtrols-Stocke musse fräi ginn - fir eeben eng Baisse vum Präis abéien ze féieren.
Déi franséisch Regierung hat sech an de leschte Deeg mat Schüler:innen- a Studenteverbänn zesumme gesat a verschidde Mesurë proposéiert. Dës ginn de Jonken awer net duer. Dofir ruffe si op, weiderhin ze protestéieren.
A ganz Europa ginn zënter Woche Mënschen op d'Strooss. Dat ënnert anerem wéinst den héije Liewenskäschten, der Wunnengsnout, dem schlechte Schoulsystem.