De Sammy Wagner huet de Moie bei eis op der Antenn gesot, datt hie fäert, datt déi nei belsch Vignette ouni Ausnam fir d'Grenzregioun zu méi Verkéier an den Dierfer vu senger, an och anere Gemengen un der belscher Grenz feiere wäert.
Verkéier ass d'Konsequenz vum "Lëtzebuerger Businessmodell"
Fir dës Peagen ze kontrolléiere solle Kameraen op den Autobunnen an der Belsch opgestallt ginn, déi erfaassen ob een eng Vignette huet oder net. Wéi eng Stroossen nieft den Autobunnen och nach betraff wäerte sinn ass nach net bekannt.
"Jee nodeem wat fir eng Stroossen dat elo virun allem an eisem Grenzberäich betrëfft, wäert dat natierlech och Repercussiounen op de Verkéiersfloss op eiser Säit hunn a virun allem op d'Liewensqualitéit vun eisen Awunner."
Esou Diskussiounen, wéi déi ëm de geplangte Peage wieren awer och d'Konsequenz "vun eisem Lëtzebuerger Businessmodell", seet de Stengeforter LSAP-Buergermeeschter. Dee Modell kriten d'Gemengen an der Grenzregioun am Alldag ze spieren.
100 Euro fir een Joer
Fir e Frontalier wäert eng Vignette fir ee Joer ronn 100 Euro kaschte, mengt de Sammy Wagner. Hien denkt och, datt déi meescht Leit, déi an der Situatioun sinn, och eng Vignette kafe wäerten. Hie mécht sech éischter Gedanken iwwer Leit déi an d'Grenzregioun akafe fueren.
"Zum Beispill op Sterpenech bei dat schweedescht Miwwelgeschäft do, wou mer wëssen, datt dat awer e Point d'attraction ass deen net kleng ass."
Eng Millioun Visiteuren - dovu 55 Prozent Lëtzebuerger Residenten - géife pro Joer hei iwwer d'Grenz fuere fir an de Miwwelbuttek akafen ze goen.
"Dat sinn awer potenziell 3.600 Aller-Retouren, déi riskéieren duerch eis Dierfer ze goen."
Datt jidderee vun dëse Visiteuren sech eng Vignette fir d'Joer keeft kann de Stengeforter Buergermeeschter sech net onbedéngt virstellen. Eng Vignette fir een Dag wäert viraussichtlech 9 Euro den Dag kaschten.
Verkéiersberouegung an der Gemeng
Fir de Verkéier ze reegele bräicht een e konsequente Plang fir d'ganz Gemeng, esou nach de Stengeforter Buergermeeschter Sammy Wagner. Wat hie sech virstelle kann ass eng Verkéiersberouegung, beispillsweis duerch Stroossebuckelen. D'Autoe sollen op der Autobunn bleiwen.
"Virun allem déi, déi duerchfueren an da Weeër duerch eis Dierfer sichen an all d'Schläichweeër do hannendrunner"
Hei misst ee sech awer och mat de Gemenge ronderëm ofschwätze fir datt net Mesuren déi an der enger Gemeng geholl ginn, sech negativ op déi Aner auswierken.
Net just op Gemengenniveau suergt de geplangte Peage op de belsche Stroossen fir Kritik. Och d'Deputéiert an der Chamber hu sech wéineg erfreet doriwwer gewisen.