Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ukrain: ee Schratt méi no bei der EU

EU-ERWEIDERUNG

Ukrain: ee Schratt méi no bei der EU

D’Europäesch Kommissioun recommandéiert, Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawien opzehuelen. Elo ass et un den 27 EU-Länner, eng Décisioun doriwwer ze huelen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine play_arrow
(Foto: Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

Zanter zejoert am Juni si souwuel d’Ukrain ewéi och Moldawien offiziell Kandidate fir an d’EU ze kommen. Dat ass eng vun den éischten Etappen um laange Wee, fir Member vun der EU ze ginn.

Elo also kënnt d’Recommandatioun vun der Kommissioun, Bäitrëtts-Gespréicher unzefänken.

Von der Leyen: “Fortschrëtter vun der Ukrain si beandrockend”

“Een historeschen Dag”, wéi d’Cheffin vun der Kommissioun betount huet. D’Ukrain hätt impressionant Fortschrëtter gemaach an de leschte Méint, sou d’Ursula von der Leyen. 90 Prozent vun deem, wat d’Kommissioun dem Land als Aufgabe mat op de Wee ginn hat, goufen ëmgesat.

"Die Reformen sind beeindruckend: der Kampf gegen Korruption, der Kampf gegen Geldwäsche, die Festigung und Stärkung des juristischen Systems. Das sind nur einige Beispiele der Reformen, die in den letzten Monaten durchgeführt worden sind."

Konkreten Ufank no weidere Reformen?

Ginn d’Memberlänner gréng Luucht, kéint d’Aarbecht direkt ufänken, huet et haut geheescht. Allerdéngs steet och am Rapport, datt d’Ukrain nach misst spezifesch Reformen a verschiddene Beräicher ëmsetzen, éier de Kader fir d’Verhandlunge kann am Mäerz genee definéiert ginn. Et hätt ee keen Zweiwel drun, datt d’Ukrain dat géing maachen, sot een héijen EU-Beamten.

Bäitrëttsverhandlunge solle kloert Signal senden

D’Decisioun vun haut ass och eng politesch. Dorun huet d’Kommissiounspresidentin keen Zweiwel gelooss. Si wier fest dovun iwwerzeegt, datt dee Schratt och eng Stäerkung wier fir d’Ukrain am Kampf géint dee Krich, dee Russland géint d’Land féiert.

"Wir stehen voll an der Seite der Ukraine und deshalb ist das auch noch einmal ein ganz klares Signal der Unterstützung der Europäischen Union gegenüber der Ukraine."

Bleift ofzewaarden, ob déi 27 Memberlänner prett sinn, dem Land am Krich esou ee kloert Signal ze schécken. Si sinn et, déi am Dezember d’Decisioun huele mussen, datt d’Verhandlunge lancéiert solle ginn. Déi Decisioun muss eestëmmeg geholl ginn.

Lauschterenplay_arrow