Ganz vill Moossnamen am Programm vun der CSV-DP-Regierung géife vill Sue kaschten, zum Beispill déi am Beräich vum Logement, stellt de Generaldirekter vun der Handelskammer Carlo Thelen fest.
„Dofir maache mir eis och e bësse Suergen, wéi dat dote soll alles an Aklang bruecht ginn, an datt déi ëffentlech Finanze kënnen den Triple A behalen.“
Staatsbeamten déi an d'Pensioun ginn net ersetzen
Fir Suen ze spueren, misst och beim Staat méi digitaliséiert ginn, fir datt zum Beispill net all Fonctionnaire, deen an d’Pensioun geet, misst ersat ginn, recommandéiert de Carlo Thelen. Dat wier kee Spuerprogramm, mee een „Effizienz-Programm“, wou ee géif probéieren déi ëffentlech Verwaltunge méi effizient ze maachen.
Reform vum Pensiounssystem wier néideg
Wat de Pensiounssystem ugeet, stellt de Generaldirekter vun der Handelskammer sech d’Fro, ob déi allgemeng Pensiounsversécherung do wier, fir Pensioune vun 8.000-9.000 Euro ze bezuelen. Dat wieren dem Carlo Thelen no déi héchste Pensiounen op der Welt. Méiglech Reform-Schrëtt kéinten och duerno „ee Package sinn, wou jidderee muss e bësse bludden“.
2024 d'Relance virbereeden
Méi generell huet d’Handelskammer sech zefridde gewisen, datt am Regierungsprogramm vill Mesurë stéingen, déi si recommandéiert hat. Elo wieren déi richteg Prioritéiten néideg. 2024 wier ee wichtegt Joer fir déi ekonomesch Relance.