Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chamber-Spezialkommissioun Caritas steet

Caritas

D'Chamber-Spezialkommissioun Caritas steet

Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet ass President vun der Chamber-Spezialkommissioun Caritas. Dat gouf um Mëttwochmëtteg an der éischter Sitzung vun dëser Kommissioun decidéiert. D’Vize-Presidente sinn d’Carole Hartmann (DP) an d’Djuna Bernard (déi gréng). Rapportrice ass d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet ass President vun der Chamber-Spezialkommissioun Caritas. (Foto: Chambre des députés)

Decidéiert gouf haut och, wien an den nächste Wochen an d’Spezialkommissioun soll invitéiert ginn, fir nach oppe Froe ronderëm d’Caritas-Bedruchsaffär ze klären.

Dorënner sinn d’Verwaltungsréit vu Caritas a vun der neier ASBL Hëllef um Terrain (HUT), all Ministèren, déi Konventioune mat hinnen haten oder hunn, Vertrieder vum Bistum, grad wéi d’Entreprise PWC. Dozou d’Taina Bofferding vun der LSAP:

"Mir hunn elo eng Lëscht zesumme gesat, déi nach muss duerch d’Conférence des présidents goen, fir och ze kucken, ob mir all déi Leit kënnen invitéieren. An dann hoffe mir natierlech (...), datt déi och kommen."

Viru gutt dräi Méint war jo bekannt ginn, datt bei der Caritas iwwer 60 Milliounen Euro detournéiert gi waren. Bis elo géifen et eng Rei Widderspréch ginn, stellt d’Djuna Bernard fest.

"Notamment op der Fro, wéi proaktiv d’Regierung hei hätt misste virgoe fir dat Ganzt och méi ze stéieren."D’Spezialkommissioun Caritas soll am Prinzip all Woch mëttwochs zesumme kommen, an hir Aarbecht bis den Abrëll d’nächst Joer ofschléissen.

Och de Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum ass der Meenung, datt nach vill Widderspréch am Raum stéingen, an "datt mir do wierklech nach ganz grouss Opklärungsaarbecht musse maachen."

Zesummen un engem Strang zéien

Den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz huet sech zefridde gewisen, datt elo am Konsens eng Lëscht konnt opgestallt ginn, wie soll an d’Spezialkommissioun geruff ginn.

"Dat weist, dass mir alleguerten zesumme wëllen dat esou opschaffen, wéi déi Aufgab, déi eis zousteet, fir ze kucken, dass een an Zukunft esou Geschichten eventuell kéint verhënneren."

Si géif net mengen, datt sech an der Spezialkommissioun Caritas d’Fro vun der Schold géif stellen, esou d’Carole Hartmann vun der DP.

"Oder ze kucken, wat eng Regierung falsch gemaach huet, mee eis geet et drëms als Deputéiert, fir ze kucken, wéi kënne mir de gesetzleche Kader esou gutt et geet opstellen, fir eben esou Situatiounen an Zukunft ze verhënneren."

D’Majoritéitsfraktiounen CSV an DP hu sech dogéint ausgeschwat, datt d’Sitzunge vun der Spezialkommissioun iwwerdroe ginn. Vertrieder vun der Oppositioun hunn dat bedauert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Caritas