Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Carsharing-Servicer zu Lëtzebuerg wuessen

Mobilitéit

D'Carsharing-Servicer zu Lëtzebuerg wuessen

Déi béid Carsharing-Servicer zu Lëtzebuerg, Carloh vun der Stad Lëtzebuerg, a Flex vun der CFL, erliewen een Opschwong, an hunn Ambitiounen, nach méi ze wuessen. Mëttlerweil registréiert Carloh iwwer 1.000 aktiv Clienten, bei Flex sinn et der bal 16.000.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

Obwuel béid Servicer nach ëmmer rout Zuele schreiwen, si si optimistesch, datt de Carsharing-Gedanken sech bei de Lëtzebuerger an Zukunft ëmmer méi etabléiere wäert. Flex vun der CFL registréiert aktuell, jee no Vakanzenzäit, bis zu 3.600 Reservatiounen am Mount. Am Verglach vu virun zwee Joer ass dat bal eng Verdueblung.

Carloh huet mëttlerweil een Zouwuess vu ronn 110 neie Clienten am Joer, a registréiert ronn 1.100 Reservatiounen am Mount. Zejoert waren dat der nach ronn 890.

Just de statiounsgebonnene System rentéiert sech  

Ugangs war dat an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou déi meescht een oder esou guer e puer privat Autoe besëtzen, nach schwiereg, seet de Pit Reiter vun CFL Mobility.

“Mir hunn et awer kloer gepackt, eis ze etabléieren, mat deenen eben aktuell e bëssen iwwer 60 Statiounen an e bëssen iwwer 150 Autoen. Dat heescht, mir mierken, datt et ugeholl ginn ass.”

Den Ament funktionéiere béid Servicer mat engem statiounsgebonnene System. Dat heescht, datt een den Auto bei genee déi Statioun erëm zeréckbrénge muss, wou een en och ausgeléint huet. Ee System, bei deem een den Auto bei enger anerer Statioun erëm kann ofginn, oder iergendwou laanscht d’Strooss parke kann, wéi et an anere Groussstied méiglech ass, géif sech net rentéieren. Ausserdeem géifen d’Notzerméiglechkeeten och ëmmer méi verstane ginn, sou nach de Pit Reiter.

“Déi Trajeten, wéi akafe goen, d’Kanner an d’Crèche bréngen, mir hu vill Geschäftsclienten, déi dësen Auto souzesoen als hire Geschäftsauto notzen, fir op ee klenge Meeting ze fueren an erëm zeréck ze kommen."

Flex a Carloh: kënnt et zu enger Zesummenaarbecht?

Mat engem neie Gesetz, wat nach um Instanzewee ass, soll et de Gemengen erméiglecht ginn, spezifesch Carsharing-Parkplazen ze schafen, wat bis elo nëmmen op privatem Terrain méiglech ass. Ob d’Gemengen dat maachen, läit an hirer Hand. Dofir wier een allgemengen Effort gefuerdert, fir de Carsharing als ee Complement zum ëffentlechen Transport an zu der doucer Mobilitéit ze gesinn, seet de Paul Hoffmann, Member vum Verwaltungsrot vu Carloh.

“Ech schwätzen do éischter dofir, datt och de Staat an d’Gemengen ënnerstëtze kënnen, fir de Carsharing-Gedanken insgesamt méi un d’Leit ze bréngen, méi ze erklären, méi ze informéieren, datt et dat gëtt. Ouni do spezifesch op ee Bedreiwer ze weisen, datt et an enger Mobilitéitsstrategie wichteg ass, och esou Offeren ze hunn an ze erklären, firwat se gutt sinn.” 

Béid Carsharing-Servicer wëllen hir Offer mëttelfristeg ausbauen. Ob et Sënn mécht, zwee Carsharing-Systemer parallel zu Lëtzebuerg bestoen ze hunn – doriwwer si sech Carloh a Flex oneens. Flex ass oppe fir Diskussiounen iwwer eng eventuell Zesummenaarbecht, wärend Carloh eng Synergie éischter kritesch gesäit.