Radioen

On air

E-Lodie  |  Abul Mogard And Rafael Anton Irisarri - Waking Up Dizzy On A Bastion

play_arrow Live
search

/ D'Chambre des fonctionnaires et employés publics fuerdert op en Neits eng Steierreform

CHFEP

D'Chambre des fonctionnaires et employés publics fuerdert op en Neits eng Steierreform

Kritk vun der CHFEP, wéinst der Steierreform. Déi ass am Koalitiounsaccord nämlech eréischt fir 2026 virgesinn. An hirem Avis zum Staatsbudget gëtt si der Regierung eng Rei Propose mat op de Wee.

auto_stories

2 min

Zwar géif ee verschidde Mesurë begréissen, sou zum Beispill datt de Steierbarème u véier Indextranchen ugepasst gouf, mee dat géif net duergoen, sou de President vun der CHFEP Romain Wolff.

Waarden op déi annoncéiert Steierreform

Nach ëmmer géif een op eng grouss Steierreform waarden, déi och schonn an der leschter Legislaturperiod annoncéiert ginn ass. Et hätt een d’Impressioun, a punkto Steierreform wier mol keng Viraarbecht geleescht ginn, bedauert de Romain Wolff. Am Avis presentéiert d’CHFEP dofir op en neits hir konkret Virstellungen. Eng dovu wier, fir d‘tranches tarifiaires vun 2.000 Euro op 5.000 Euro eropzesetzen.

„Dat géif dat ganzt méi auserneen zéien an dat géif dee Bockel och jiddefalls ganz kloer offlaachen. Dat selwecht gëllt fir Allegementer um Niveau fir d’Steierklass 1A. Jo do soll eppes geschéien awer schrecklech vill geschitt net, an do gëtt et awer elo Zäit.”

Weider gesäit d’CHFEP net an, firwat ee bei den aktuelle Reserve vun der Pensiounsversécherung elo esou séier eng Reform wéilt maachen. Virun de Wale wier dovun nach net Rieds gewiescht, kritiséiert de Romain Wolff.

Kritik géintiwwer Astellungspolitik

D’Annonce vum Finanzminister Gilles Roth, datt de Staat ausser bei der Police, der Arméi an an der Educatioun net méi sou vill wëll astellen, gesäit d’CHFEP kritesch. Et dierft een déi demographesch Entwécklung net aus dem Bléck verléieren, an datt de Staat ëmmer méi Servicer ubitt, dozou de Romain Wolff.

“Mir ginn och dovun aus datt beim Staat net einfach esou agestallt ginn ass a leschter Zäit. Ech kann dat op alle Fall confirméiere fir déi Verwaltung wou ech hierkommen, dat ass eng Steierverwaltung. Do si just déi Leit agestallt ginn déi och gebraucht gi sinn. Villäicht ass dat bei de Ministèren anescht.” 

Allgemeng ass d’CHFEP der Meenung, datt hir Avisen net genuch beuecht ginn. Fir eng nohalteg Budgetspolitik bräicht een ee staarke Staat, sou nach de CHFEP-President Romain Wolff.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft