arrow_back_ios

article

article

/ D'Belval-Gebléishal op der Lëscht vun den am meeschte bedreete Kulturierwen an Europa

Esch-Belval

|
headphones

1 min

headphones

5 min

play_arrow

D'Belval-Gebléishal op der Lëscht vun den am meeschte bedreete Kulturierwen an Europa

D'Gebléishal um Belval ass an den Ae vun der ONG Europa Nostra eent vun den am meeschte bedreete Kulturierwen an Europa.

headphones

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Archivfoto | © Tobias Mandt
Archivfoto (Foto: Tobias Mandt)

D’Gebléishal zu Esch-Belval ass dee 77. Patrimoine-Site, deen Europa Nostra a besonnescher Gefor gesäit.

Dowéinst hat d’ONG se op d’Lëscht vun de Seven Most Endangered Heritage Sites in Europe gesat. 

Hoffnung op Drock op d'CSV-DP-Regierung

Dat wier eng gutt Nouvelle, esou d’Anne-Catherine Richard, Directrice vum Centre national de la culturel industrielle (CNCI), de Moien am 100,7-Interview. Dat ass déi ASBL déi den Dossier bei Europa Nostra agereecht hat:

“Dat bedeit, datt mir am Fong elo méi Visibilitéit fir d'Gebléishal kréien. Eng Visibilitéit hei zu Lëtzebuerg, mee och an Europa an dat hëlleft am Fong fir eng schéi Mise en lumière ze kréien.”

Datt d‘Gebléishal op Esch-Belval elo op där Lëscht ass, kéint och Drock op d‘Regierung maachen, fir dofir ze suergen, datt d‘Gebai net verfält.

Dat och wa fir déi keng Obligatioun besteet, huet de Vizepresident vun Europa Nostra, de Guy Clausse am 100,7-Interview erkläert.

play_arrow Lauschteren