Radioen

On air

Mëttesrascht  |  James Blake - Thrown Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Awunner vu Meechtem a Nëttel verbannen

Muselbréck

D'Awunner vu Meechtem a Nëttel verbannen

Eng Bréck fir Foussgänger a Cycliste soll zukünfteg d‘Awunner vu Meechtem mat hiren däitschen Noperen zu Nëttel verbannen. Deementspriechend Pläng waren d‘lescht Joer bekannt ginn, d‘Iddi staamt vun der Entente Meechtem a Vertrieder vun Nëttel.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

En Ingenieursbüro vum Sennengerbierg hat eng Grafik ausgeschafft, mat engem Modell fir esou eng Bréck. Elo kënnt Beweegung an den Dossier, huet den CSV-Député-maire vu Wuermer, Max Hengel, am 100,7-Interview confirméiert.

Käschtepunkt vu 60.000 Euro

No enger rezenter Reunioun mat alle Bedeelegte wier decidéiert ginn, eng Etude de faisabilité ze maachen, fir e Käschtepunkt vu ronn 60.000 Euro. Dovu soll d'EMO, d'Entwicklungskonzept Oberes Moseltal, 60 % droen an d'Gemenge Wuermer an Nëttel jeeweils 20 %. Dës Etude kéint a sengen Aen am Laf vum nächste Joer gemaach ginn, erkläert de Max Hengel.

Hoffnung op Subventioune vum Ministère

Et géifen elo dräi Büroen ugeschriwwe ginn, fir esou eng Etüd ze maachen, dorënner och den Ingenieursbüro "Best", deen den éischte Grafik fir d'Muselbréck ausgeschafft hat. De Max Hengel hofft, datt de Chantier nach an dëser Legislaturperiod kann ufänken.

Wat d‘Finanzéierung vun esou enger Verbindung tëscht Meeschtem an Nëttel ubelaangt, hat den Nach-Tourismusminister Lex Delles bei der éischter Presentatioun vum Projet Subventioune vum Ministère an Aussiicht gestalt. D‘Hoffnung ass do, datt och eng nei Regierung mat op dee Wee wäert goen.

Lauschterenplay_arrow