D’ALEBA reprochéiert der Regierung e systematesche Refus vu sozialem Dialog an eng gewerkschaftsfeindlech Haltung. Si kritiséiert ënner anerem déi geplangte Pensiounsreform, déi besonnesch jonk Generatioune géif benodeelegen, an d’Tatsaach, datt d’ALEBA trotz Versprieche bei wichtege Gespréicher ausgeschloss bleift.
Den 28. Juni géif ee gemeinsam mat de gewerkschaftleche Partner e staarkt Zeeche fir d’Rechter vun de Salariéë setzen, heescht et nach am Schreiwes.