Radioen

On air

Notturno  |  The Cookie Jar Complot - Cookies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ADR léisst Walplakater mat "The Knotted Gun" stoen

No Opfuerderung d'Plakater ewech ze huelen

D'ADR léisst Walplakater mat "The Knotted Gun" stoen

D'ADR huet net wëlles hir Walplakater ewechzehuelen, déi d'Konschtwierk "The Knotted Gun" vum schwedesche Kënschtler Carl Frederik Reuterswärd weisen. Dat seet den ADR-Spëtzekandidat fir d'Europawalen Fernand Kartheiser am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: picture alliance / photothek | Thomas Trutschel

D'ADR wier vun der Schwäizer "Non Violence Licensing SA" kontaktéiert ginn, déi d'Rechter vum geeschtegen Eegentum vun der Stëftung The „Non-Violence Project“ vertrëtt. D'ADR hätt dem Affekot vun der Stëftung hirersäits per Affekotebréif matgedeelt, datt si sech am Recht gesäit, dat Bild fir Walplakater ze benotzen an d'Partei géif elo op eng Reaktioun vun der Stëftung waarden.

D'Plakater géifen elo mol stoe bleiwen, sou de Fernand Kartheiser, dee betount, datt d'Europawalcampagne lo souwisou geschwënn eriwwer wier an dono sämtlech Plakater no an no ewech geholl géife ginn. D‘Partei léist deemno och d‘Frist versträichen, déi d‘Stëftung „The Non-Violence Project“ der ADR op haut Freideg, den 31. Mee fixéiert hat. D'Wort hat fir d'éischt iwwer de Bréif an iwwer d'Frist bericht.

De Fernand Kartheiserplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
Krich an der Ukrain
Politik a Gesellschaft