Radioen

On air

Notturno  |  John Carroll Kirby - Dawn Of New Day Feat. Laraaji

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Milliarden Euro fir de Sudan

Donateurskonferenz

Zwou Milliarden Euro fir de Sudan

De Sudan krut méi wéi zwou Milliarden Euro Hëllef op enger internationaler Donateurskonferenz gëschter zu Paräis zougesot.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka

De franséische President Emmanuel Macron huet de Montant annoncéiert. D‘Europäesch Unioun sot, si géif eng weider 350 Milliounen Euro zur Verfügung stellen.

Am Sudan gëtt et zanter eppes méi wéi engem Joer e bluddege Biergerkrich. Dausende Mënsche koumen ëm d‘Liewen, iwwert aacht Millioune Leit sinn der UNO no op der Flucht. An e puer Regioune vum Sudan besteet d‘Gefor vun enger Hongersnout. Et wier déi aktuell schlëmmst humanitär Kris op der Welt, sot de fréieren UNO-Spezialemissär fir de Sudan.