Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cyclo Croc: Eng “Aire de Repos” fir Vëlosfuerer

Den Hallwer Néng

Cyclo Croc: Eng “Aire de Repos” fir Vëlosfuerer

Iessen, Drénken, Raschten a wann néideg de Vëlo flécken, eng komesch Kombinatioun, ma awer genee dat beschreift de „Cyclo Croc“ zu Biissen.

auto_stories

1 min

headphones

20 min

play_arrow

De Cyclo Croc ass eng Initiative vun der Gemeng Biissen, um Bord vun der Vëlospist zu Biissen wou d‘Vëlosfuerer d‘Méiglechkeet hunn op enger Reparatur- a Wäsch-Statioun fir Vëloen no hirem drotege Kolleeg ze kucken, op alles an der Rei ass. Bei schlechtem Wieder a vill Bulli huet een och d‘Méiglechkeet de Knascht of ze wäschen.

De Numm Cyclo Croc kënnt vun de Wierder Cyclissem a Croque Monsieur, well et eben eng Plaz ass, wou ee mam Vëlo ka raschten an eben och eppes iessen an drénken. Direkt dobäi ass de Café Culinaire “A’Biss” ”, e Wuertspill aus Bicyclette a Biissen.

De Buergermeeschter vu Biissen, David Viaggi sot ënner anerem datt hie sech fir d’Iddi vum Cyclo Croc an enger Vakanz inspiréiert huet, wou e mam Vëlo och laanscht eng Vëlo-Raststätt gefuer ass.

Ganz lauschterenplay_arrow