search

/ Cyberattack war verantwortlech fir Ofschalte vum Chambersite

National

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Cyberattack war verantwortlech fir Ofschalte vum Chambersite

De Chamber-Generalsekretär Laurent Scheeck huet am 100,7-Interview confirméiert, datt den Informatikssystem vun der Chamber vun enger Cyberattack viséiert gouf. Hannergrond wier eng Faille an engem vun de Programmer gewiescht, dee relativ wäit verbreet ass. Och de Site petitions.lu ass nees online.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Technesche Problem um Site vun der Chamber | © 100,7
Technesche Problem um Site vun der Chamber (Foto: 100,7)

Dës Kéier wier de Chambersite net d’Affer vun enger DDOS Cyberattack ginn, wou vu baussen de Site iwwerschwemmt gëtt vun Demanden. Engem Externe wier et gelonge bis op e gewëssenen Niveau  an den Informatik- System anzedréngen. Et wier ganz séier reagéiert ginn, betount de Laurent Scheeck, de Generalsekretär vun der Chamber.

"Eng Vulnerabilitéit op engem breet benotzte Logiciel, deen och an der Chamber benotzt gëtt, ass elo ausgenotzt ginn, fir sech an eise System eranzeschläichen. An eis Dispositiven, déi mer an der Chamber hunn, hunn dat awer direkt do gemierkt. An déi Leit, déi dorop schaffen, soudass mer séier konnten agéieren."

Wat déi genee Konsequenz gewierscht wier, kéint ee net soen, well alles ofgeschalt gouf, esou nach de Laurent Scheeck. Dat hätt awer vun enger Ransomware bishin zu enger Exfiltratioun vun Donnéeën alles kënne sinn, esou de Generalsekretär vun der Chamber.

Keng Donnéeë goufe fräigeluegt

Nodeems de Versuch vun enger Intrusioun detektéiert gouf, huet d‘Chamber virgëschter Owend hire Site an d‘IT-Systemer als Virsiichtsmoossnam vum Netz geholl. Dem Laurent Scheeck no wiere keng Date geklaut ginn.

"Eises Wëssens no si keng Donnéeën exfiltréiert ginn. Dat ass eppes, wat ech elo schonn e puermol nogefrot hunn. Mee einfach duerch de Fait, dass mer eis vun der Aussewelt isoléiert hunn, ass dat vun deem Moment un méiglech gewiescht. An souwéi ech dat erkläert kréien, sinn dat Attacken, déi a verschiddene Phase passéieren, wou wann ee bis agedrongen ass, sech d'éischt mol probéiert ze installéieren en vue fir eng Attack dann duerchzeféieren. A mir hunn dat gesinn op där alleréischter Phas, soudass do eigentlech keng Donnéeën erauskomme sinn."

Et gëtt eng Enquête lancéiert fir eventuell kënnen erauszefannen, wien hannert där Attack stécht.

De Chambersite och de d'Säit petitions.lu sinn nees accessibel. 

play_arrow Lauschteren