Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino: Fir d'Erënnerung

play_arrow Live
search

/ Coup am Drogemilieu: Puer Honnerte Kilo Kokain am Norde vum Land séchergestallt

An Zesummenaarbecht mat Europol

Coup am Drogemilieu: Puer Honnerte Kilo Kokain am Norde vum Land séchergestallt

D‘Douane an d‘Police konnte gëschter eng gréisser Quantitéit Kokain an den Zylindere vun enger grousser Baumaschinn am Norde vum Land sécherstellen. Dat an Zesummenaarbecht mat Europol.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Michelle Barthel play_arrow
(Foto: Michelle Barthel)

 Et geet ëm Honnerte Kilo Kokain, déi an de Walze vun engem kolumbianesche Concasseur – also enger grousser Maschinn aus dem Stroossebau - verstoppt waren, erkläert den Ernest Nilles. 

"Wéi d'Maschinn bis saiséiert war, konnt festgestallt ginn, datt schonn zwou vun dräi Walzen ofmontéiert gi waren, mee manifestement haten d'Täter hir Schwieregkeeten, fir d'Maschinn auserneen ze huelen, an hu se esou do stoe gelooss."

D'Walz misst ausernee geholl ginn

D’Maschinn gouf, dem Parquet no, op enger verluerener Plaz am Norde vum Land fonnt a konnt just mat Hëllef vum CGDIS oftransportéiert ginn. Um Donneschdeg gouf d’Maschinn vun der Douane gescannt. De Scann wier allerdéngs net eendeiteg gewiescht. Dofir hätt een decidéiert, d‘Maschinn auserneen ze huelen.

"Dës Entreprise war delikat a schwiereg. Et ass geschweesst ginn, geschnidde ginn, stonnelaang hunn d'Leit vun dem SPJ, Miess an Erkennungsdéngscht an Zesummenaarbecht mam CGDIS geschafft, fir duerch déi déck Wänn vun der Walz duerchzekommen."

D‘Douane an d‘Police konnten eng gréisser Quantitéit Kokain an den Zylindere vun enger Baumaschinn sécherstellen | © Michelle Barthel
D‘Douane an d‘Police konnten eng gréisser Quantitéit Kokain an den Zylindere vun enger Baumaschinn sécherstellen (Foto: Michelle Barthel)

1 Kilo ass 90.000 Euro wäert

An de Walze goufen Honnerten 1 Kilogramm schwéier Päck mat Kokain fonnt. Well dës alleguer unenee gepecht sinn, konnt bis ewell dat geneet Gewiicht nach net ermëttelt ginn. Een esou ee Kilo ass um Stroossemaart ronn 90.000 Euro wäert. 

2 Persoune goufe festgeholl an et goufe Perquisitioune bei deene Leit doheem gemaach. Déi concernéiert Persoune ginn den Ament vum Untersuchungsriichter gehéiert. Am Asaz ware ronn 100 Polizisten. Weider Informatioune konnten op Grond vun der lafender Enquête net matgedeelt ginn. 

Lauschterenplay_arrow