Wéinst senger Roll bei der Attack op de Kapitol viru bal zwee Joer wier den Donald Trump fir d‘Presidentewalen am Colorado disqualifizéiert, esou d‘Riichter. Si beruffen sech op e Verfassungs-Artikel, dee seet, datt een net fir e politescht Amt däerf kandidéieren, wann een un engem Opstand bedeelegt war.
Et ass een historescht Urteel: Nach ni gouf ee Presidentschaftskandidat op Grond vun deem Artikel vun enger Wal ausgeschloss. Et gëllt awer just fir de Staat Colorado.
Dem Donald Trump seng Affekote soten, si géife virun d‘Supreme Court an Appell goen.